Ëmmer manner Jonker drénke reegelméissegNiichter sinn ass "in"

Am Feierowend direkt e Béier, virum Erausgoe gëtt vir-gedronk. Alkohol spillt ëmmer nach eng grouss Roll. Den Trend geet awer elo an déi aner Richtung.

09.07.2019, 04:11:12

© Pexels

Wie sech schonn eng Kéier niichter an eng Disko getraut huet, kennt deen heiten Zeenario: "Wéi du drénks haut näischt?" E schockéierten, bal dégoutéierte Bléck vum Géigeniwwer an de ganzen Owend gi Witzer driwwer gemaach.

Momenter wéi dës sinn awer um Ausstierwen. An Zukunft kéint et heeschen: „Wéi, du drénks haut?!“

Déi däitsch „Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung“ huet erausfonnt, dass souwuel déi 12 bis 17 Järeg, wéi och déi 18 bis 25 Järeg manner Alkohol drénken, wéi nach viru 15 Joer. Gekuckt gouf wéi vill Jonker op d'mannst 1 mol d’Woch Alkohol consomméieren. Aus 21,2 Prozent si bei deene ganz Jonken 10 Prozent ginn. Beim zweete Grupp ass et vun 43,6 Prozent op 30,7 Prozent erofgaangen. Zuelen déi e kloert Bild ofginn, an iwwregens a ganz Europa ähnlech sinn. Niichter sinn ass voll am Trend.

Bei deene Jonke geet de Grëff ëmmer méi seele bei de Béier, de Wäin oder aner Spirituosen. Dofir sinn et déi sougenannte Mocktails, also alkoholfräi Cocktailen, déi opbléien.

Soss war et déif an der Gesellschaft verankert, de Feierowend mat enger Fläsch Béier ze begréissen an den Dag esou auskléngen ze loossen. Dat schéngt sech ze dréinen. An och de Weekend war soss ëmmer fir den Alkohol reservéiert. Een Owend ass dropgaange fir feieren ze goen, deen aneren Dag da meeschtens komplett fir den Hangover. Feiere ginn déi jonk nach ëmmer, just huet een elo festgestallt, dass ee sech och ouni Alkohol amuséiere kann.

Lauschtert hei de ganze Reportage

A well esou en Ëmdenke stattfënnt ginn et logescherweis och schonn déi éischt Diskoen a Baren, an deenen een nëmmen nach eppes Alkoholfräies ze drénke kritt. Sou zum Beispill zu Berlin, wou mat „Sober Sensations“ de Jonken dat gebuede gëtt, wat si wëllen. An enger Stad wéi Berlin heescht dat konkret Kokos-Waasser an Ingwer-Shotten, natierlech ginn et awer och aner Alternativen ouni Alkohol.

Ween nämlech eng Limonade oder e Smoothie an der Disko drénkt, geet net nëmmen dem Hangover aus dem Wee. Dee start den Dag drop sécherlech och mat méi Energie a Vitaminne wéi déi, déi ze déif an d’Glas gekuckt hunn. Wuelverstanen dat Glas mam Alkohol.