Kiloe lass ginnTipps fir ofzehuelen

De Sixpack oder d'Moosse 90-60-90 si mat e puer Tipps an Disziplin méiglech.

Leschten Update: 08.07.2019, 17:31:01

© Pexels

Fir d'éischt soll een den Dag net mat tonne Kuelenhydrater ufänken. Aplaz e Müsli, soll een éischter op Proteinne setze wéi z.b Eeër. Eng Etüd huet nämlech gewisen, dass Proteinnen, de Gewiichtsverloscht ënnerstëtzten, well se eis Sättegungshormoner reguléieren an eisen Appetit reduzéieren.

Fir Mëttes oder Owes soll een éischter op Geméis an net op Pasta zeréck gräifen. Well wann de Kierper d'Kuelenhydrater net gebrauche kann, späichert en dëst am fett-Depot of.

Op gesond Fetter soll een op kee Fall verzichten. Eng ganz Rei Etüden hu nämlech eraus fonnt, dass Low-Carb-Diäten, a Verbindung mam Konsum vu gesonde Fetter dee beschten a schnellste Wee ass e puer Kiloe lass ze ginn.

Wichteg ass et och dass een net ze oft am Dag ësst. 3 Moolzechte sinn Ideal. Mueres um 9 Kaffi drénken, dann um 2 Auer d'Mëttegiessen an Owes um 7 nach eng kéier. Sou dass tëschent de Moolzechten ëmmer mindestens 5 Stonne Paus sinn.

D'iessen eleng geet awer net duer. Ernährungsexperte sinn sech sécher dass d'Kombinatioun aus HIIT-Training, d.h High Intensity Interval Training a Gewiichthiewen ideal ass fir e puer Kiloe lass ze ginn. 5 Traininge vun 30 Minutte pro Woch an deier Kombinatioun ginn duer. Well wat ee méi Muskelen huet, wat de Grondëmsaz u Kalorie op Deeg an deenen een näischt mécht, méi héich ass.

Wärend engem Régime, soll een och nach kucken, dass de Kierper ëmmer gutt hydratéiert ass .

Wann der wärend enger Diät aus iergend engem Grond net op Alkohol verzichte wellt, da soll een op en dréchene Wäin oder Vodka-Soda zeréck gräifen, well dëst vun allem am mannste Kalorien hunn.

Fir dass d'Kalorie verfléien, ass et awer nach ëmmer besser ganz op den Alkohol ze verzichten.

Lauschtert eran!