Ouni Suerge fortOp kee Fall online posten, datt een an d'Vakanz geet

Éier et an déi wuelverdéngte Vakanz geet, post een e Status oder eng Foto online a seet esou net just d'Kollegen, mee och potenziellen Abriecher Bescheed.

Leschten Update: 09.07.2019, 23:21:17

© Pixabay

D'Preventioun an de Kampf géint Abréch sinn d'Prioritéite vun der Police. Dowéinst gi permanent op lokalem, regionalem wéi nationalem Niveau Analysen duerchgefouert. Den Effort weist sech och um Terrain selwer: D'Police ass a Patrullen ënnerwee a sicht de Kontakt mat de Bierger an den lokalen Autoritéiten.

Lauschtert eran!


Ma nieft der Aarbecht vun der Police, kann och all eenzelen dofir suergen, datt bei him – grad wann een an der Vakanz ass – net agebrach gëtt. An der Moyenne dauert en Abroch mol keng 10 Minutten. Ee Moyen, fir sech ze schützen, ass e spezielle Service vun der Police. Wann een an d'Vakanz geet, kann ee sech online aschreiwen. Bei der Aschreiwung muss een e weidere Kontakt uginn, deen am Noutfall ugeruff ka ginn. Dës Persoun soll beschtefalls iwwert ären Depart informéiert sinn an e Schlëssel vun ärem Haus hunn.

Déi Zäit gi verstäerkt Patrulle bei ärem Doheem agesat. Och selwer kann ee preventiv vill maachen: Wäertsaachen net ronderëm leie loossen, d'Nopere froen, datt si wärend ärer Absence e puer Mol kucke ginn a selwer sécherstellen, ob d'Fënsteren an d'Dieren iwwerall zou sinn. Éier ee fort geet, soll een dat ganzt Haus ofschléissend kontrolléieren. Eng Alarmanlag ass keng 100-Prozenteg-Garantie, ma awer en zousätzleche Schutz.

Wéi et virdru schonn am Video vun der Police ugeschwat ginn ass, soll een op kee Fall online posten, datt ee fort ass. Heiansdo denkt een net esou wäit, datt d'Abriecher och op de sozialen Netzwierker ënnerwee sinn. Ma genee esou invitéiert ee si quasi, bei iech anzebriechen. Et ass de Rappell, net op Facebook matzedeelen, wéini et a fir wéi laang et fort geet. Dat gesinn net just d'Kollegen, mee och déijéineg, déi op déi nächste Geleeënheet waarden, fir anzebriechen.