Lëtzebuerger Museker Brebo am Interview"Ier ech op d'Bühn kommen, ruffen ech ëmmer Brr Brr"

De Lëtzebuerger Hip-Hop-Museker schwätzt am Eldoradio-Interview iwwer seng nei Single "Brr Brr".

10.07.2019, 14:20:52

© eldo

Virun 2 Joer huet de Kevin Risch ënnert sengem Kënschtlernumm Brebo éischt Lidder eraus bruecht. Dëst Joer am Oktober kënnt säi mëttlerweil 3. Album op de Maart. Et sinn 11 Lidder drop, an déi ginn vun Hip-Hop a Rap bis hin zu House an Afropop. Eent vun de Lidder ass di aktuell Single "Brr Brr". Am Eldoradio Interview stellt hie säin Projet vir.

Lauschtert hei de Reportage


Lauschtert hei de Schellcheck mam Brebo