Bremsen, Dirängelen a SpurwiesselWéi kënnt een am beschten duerch de Stau?

E Stau mécht déi meescht vun eis nervös, mee u sech ass dat kontraproduktiv. Mat gläichméisseger Vitess op enger Spur ze fuere bréngt vill méi.

Leschten Update: 10.07.2019, 08:10:44

© Eldo

Lëtzebuerg a Stau ass e bësse wéi d'Schwäiz a seng Bierger – et gehéiert einfach zesummen. Iergendwéi huet ee sech jo, wann een owes nom Schaffen heem fiert an nach emol gutt eng Stonn am Stau steet dru gewinnt, dass dat esou ass. An da geet et lass, d'Spure gi gewiesselt, de Fuerstil gëtt ëmmer méi ruppeg an net seelen huet een een hannert sech, deen engem am léifsten an d'Mall géif fueren. Also alles Saachen, déi zu nach méi Stau féieren.

Spurwiessel am beschten evitéieren

Et gi vill Ursaache fir Stau, vu Chantieren iwwer rout Luuchten, iwwer Accidenter bis hin zu ze vill Autoen op der Strooss. Ma op d'mannst an deem leschte Fall kéinten d'Chauffere mat hirem Verhalen de Verkéier schonn e bëssen an dat positiivt beaflossen.

Fänke mir beim Spurwiessel un. Iergendwéi huet een ëmmer d'Gefill, dass et op där eegener Spur méi lues viru geet, wéi op där anerer. Meeschtens ass dat guer net de Fall an all Spurwiessel féiert dozou, dass et nach e bësse méi lues rullt, deen hannert engem muss jo dann erëm bremsen. Dobäi klëmmt och nach de Risiko vun engem Accident.

Dat selwecht gëllt fir aggressiivt Fueren an Dirängelen. Ma och ze grouss Ofstänn sollt een evitéieren, grad wa vill Autoen op der Autobunn sinn, natierlech ëmmer mat Récksiicht op d'Sécherheet.

Gläichméisseg Vitess ouni permanent ze bremsen

Wichteg ass et wa méiglech eng gläichméisseg Vitess bäizehalen an och wann et nëmme mat 5 Stonnekilometer rullt. Esou evitéiert een, dass ee selwer an dann eben och all déi hannert engem musse bremsen. Fir dass et awer och an engem Stau nach e bësse rullt sollt een och virun all Wiessel vun der Spur – wann en dann néideg ass – de Winker umaachen.

Verkéiersfuerscher roden iwwerdeems op der rietser Spur an de Stau eranzefueren, do kommen an der Reegel manner nei Autoe bäi, och wann een dann hannert de Camione steet. Relativ um Enn vum Stau soll een d'Spur dann eemol wiesselen an en op der lénker Spur verloossen.

Alternative sinn net ëmmer besser

De Stau einfach ëmfueren ass natierlech och eng Optioun, hei kann den Navi hëllefe fir d'Zäit ze berechnen. Dacks sinn op d'mannst hei am Land awer och d'Alternativen iwwerfëllt an da geet d'Autobunn awer méi séier.

An da sief nach emol drun erënnert, dass d'Rettungsgaass, déi et an all Stau sollt ginn, absolut Tabu ass fir labber duerch de Stau ze fueren. Nieft dem moralesche Standpunkt kann dat nämlech och richteg deier ginn.