Nogefrot!Wat maacht dir an de Vakanzen?

Mir hunn d'Leit dobausse gefrot wat si an hirem Congé oder an de Schoulvakanzen am léifste maachen.

Leschten Update: 11.07.2019, 17:26:59

© Pexels

Et ass Juli, dat heescht fir vill Leit geet elo d'Vakanzen- oder Congészäit un. All Mënsch freet sech driwwer, wann e mol Zäit fir sech huet. Mee da stellt sech natierlech awer och d'Fro wat een an deier Zäit mécht.

Mir ware mam Mikro dobaussen ënnerwee an hunn d'Leit gefrot, wat si esou an hire Vakanze maachen.

D'Meenunge ginn do ganz wäit auserneen. Déi eng bleiwe léiwer am Summer zu Lëtzebuerg, an anerer profitéiere vun der Geleeënheet fir d'Land ze verloossen.

Lauschtert eran!