Nogefrot!Wéi reest dir am léifsten?

An d'Vakanz fueren oder fléien? A géingt dir fir de Klimaschutz op de Fliger verzichten?

Leschten Update: 11.07.2019, 17:26:54

© Pexels

Vu Juli iwwert August bis September ass eng Period an där vill Leit profitéiere fir e bëssen eppes vun der Welt ze gesinn a Lëtzebuerg, op d'mannst fir eng kuerz Zäit, de Réck ze dréinen.

Fir ze reese gëtt et méi wéi eng Méiglechkeet. De Klassiker ass den Auto an de Fliger. Mir wollten awer mol méi genau wëssen, mat wéi engem Verkéiersmëttel dir dobaussen am meeschten a virun allem am léifsten an d'Vakanz gitt.

Och hei kann ee soen, dass d'Meenunge wäit ausernee ginn. Wat och domat zesummen hänkt, dass zum Beispill de Fliger fir méi grouss Famillen einfach ze deier gëtt an den Auto sou déi besser Léisung ass. Anerer ass de Präis egal a si profitéiere vun deem méi schnellen a méi komfortabele Verkéiersmëttel, dem Fliger.

A wier ee bereet fir de Klimaschutz op de Fliger ze verzichten?

Lauschtert eran!