FuerschungFuerscher setzen op Jelliskäpp géint Mikroplastik

Virun allem am Kampf géint de Mikroplastik kéinte Jelliskäpp geschwënn eng wichteg Roll spillen.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:30:46

© Eldoradio

Sou richteg wuel dierft et ville Mënsche beim Gedanken u Jelliskäpp net sinn. Deen een oder aneren huet wahrscheinlech schlecht Erënnerungen aus der Vakanz, well e widdert ee Jelliskäpp komm ass. Wéi der vill wësse kann dat zimlech wéi doen. Jelliskäpp kéinten an Zukunft awer wuel ganz nëtzlech ginn. Fuerscher ënnersichen nämlech grad, wat ee mat den transparenten Déieren an Zukunft ufänke kann.





Schläim vu Jelliskäpp a Kläranlagen

Mikroplastik gëtt ëmmer méi ee grousse Problem. Éischt Etüden hunn elo gewisen, dat de Schläim vun de Jelliskäpp beim Problem vum Mikroplastik hëllefe kann. Dëse Schläim kann deemno als Bio-Filter benotzt ginn, fir zum Beispill Mikroplastik aus Kläranlagen eraus ze filteren. Fuerscher konnte well am Labo noweisen, datt de Schläim an der Lag ass, Mikroplastik opzehuelen.

Prototyp-Filter an 3 Joer

De Schläim ass praktesch, well grad déi klengste Partikel aus Kläranlagen net ganz erausgefiltert ginn. Wéi gutt de Schläim vun de Jelliskäpp de Mikroplastik ophuele kann, wäert sech beim éischte Prototyp an 3 Joer weisen. Da soll sou ee Filter fäerdeg entwéckelt sinn.

Kosmetik, Medezin a Landwirtschaft

Fir d’Kosmetik- a Pharmaindustrie kéinte Jelliskäpp och als Ressource déngen. D’Déieren enthale Collagen, dat fir Anti-Aging-Creme benotzt gëtt, mee och fir Medezinproduiten. Et kéint een déi gespäichert Nährstoffer vu Jelliskäpp och als Bio-Dünger an der Landwirtschaft asetzen. Tester hätte gewisen, dass aus Jelliskäpp gewonnen Nährstoffer genee sou gutt wierke wéi chemesch Düngungsmëttel.

Nohaltegen Ëmgang

De Fuerscher no géif dat awer net bedeiten, datt een elo grouss Massen u Jelliskäpp aus dem Mier hëlt an op d’Felder kippt. Zil wier éischter een nohaltegen Ëmgang mat de Jelliskäpp. D’Déiere wieren nämlech ee feste Bestanddeel am Mier a vill Fëschaarte géifen sech dovunner ernären.

Lauschtert hei d'Reportage: