Cybermobbing op Instagram"Bass du sécher, dass du dat poste wëlls?"

Beleidegungen an Erpressungen am Netz sinn net just bei Jonken en Thema, och Erwuessener kënnen Affer ginn. Instagram wëll mat neie Funktiounen hëllefen.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:20:24

© Manan VATSYAYANA / AFP

Praktesch jidderee huet mëttlerweil e Smartphone. Online gi Fotoen a Videoe gepost, et gëtt sech mat aneren ausgetosch an et ass een eigentlech ëmmer um neiste Stand. E Smartphone huet vill Virdeeler, ma et ass awer och dat perfekte Mëttel fir Cybermobbing.

Lauschtert eran!

Bei Cybermobbing kann natierlech och de Laptop oder d'Tablett benotzt ginn, mee mam Smartphone hu potenziell Täter et méi einfach: Si kënnen ëmmer an iwwerall hir Affer virtuell ugräifen, beleidegen an erniddregen.

Potentiellen Täter gëtt Indice ugewisen

Genee dogéint wëll d'Plattform Instagram elo verstäerkt virgoen. Zënter Jore scho gëtt no Moyene gesicht, fir de Problem anzedämmen. Elo sollen zwou nei Mesuren hëllefen, fir d'User ze schützen. Den Algorithmus op der Plattform soll an Zukunft Noriichten a Kommentaren op Beleidegunge filteren. Gëtt een "verdächtegt" Wuert entdeckt, gëtt dem User, deen de Kommentar poste wëll, folgenden Indice ugewisen: "Bass du sécher, dass du dat poste wëlls?"

Eegent Handele soll iwwerduecht ginn

Domat gëtt den Instagram-Notzer direkt ugeschwat, fir säin Handelen nach eemol ze iwwerdenken. Wéi et vun Instagram selwer heescht, gouf an Tester festgestallt, datt d'Leit hir verbal Attacken no dësem Indice guer net méi gepost hunn. Dëse Feature riicht sech also direkt u potentiell Täter. Ma och wann een op där anerer Säit steet, soll eng nei Funktioun hëllefen. Elo scho kann een aner Notzer blockéieren, Instagram wëll nach e Schratt méi wäit goen a schafft un enger weiderer Mesure.

Och Affer selwer solle vu neier Funktioun profitéieren 

Dacks géifen d'Affer sech net trauen, een ze blockéieren, well dësen dat jo da matkritt. Wéi op Facebook schafft een un engem Tool, duerch dësen den Täter net mierkt, datt e geblockt ginn ass oder verbal Attacken net méi ugewise ginn: Fir déi "agschränkten" Persoun bleift hire Kommentar siichtbar, fir all aneren – wéi och op Facebook – net méi. Dës Funktioun ass aktuell nach an der Testphas. Et kann een awer gespaant sinn, ob déi nei Mesuren eppes bréngen – um richtege Wee ass Instagram op alle Fall.



Sidd dir och Affer vu (Cyber-)Mobbing oder kennt eng Persoun déi an dem Fall ass, haalt et net fir iech, et gi verschidde Méiglechkeeten ze reagéieren. Schwätzt mat ärem Prof oder mam SePAS an ärer Schoul, bannt är Elteren mat an, mellt iech bei BeeSecure oder rufft anonym beim Kanner- a Jugendtelefon un. Erreesche kënnt der si ënnert der Nummer 11 6 111.