De Maurice kréint ze haartEn Hunn ass ugeklot

A Frankräich steet elo en Hunn viru Geriicht.

11.07.2019, 04:00:51

© Pexels

E Prozess géint de Gockel Maurice vu Rochefort a Südfrankräich ass nach voll am gaangen. Dem Hunn gëtt virgeworf, mueres um hallwer 7 reegelméisseg Kreesch ze doen, an dat sou haart, dass et den Noperen net méiglech ass ze schlofen. Eng Koppel Pensionäre kloen den Hunn Maurice un, well en d'Koppel ëm de Schlof bréngt.

D'Begrënnung ass folgend: "Dee gehéiert nuets agespaart, schliisslech ass et e Wunnquartier a kee Bauerenhaff". De Maurice gouf an enger éischter Phas nach op der Plaz zur Riet gestallt fir verschidden Onstëmmegkeeten direkt aus dem Wee ze raumen. Op d'Fro hin ob hien dann effektiv all Mueren um hallwer 7 Kreesch deet, war de Maurice direkt e bëssen aggressiv ginn.

D'Proprietärin vum Hunn lieft mëttlerweil zënter 35 Joer zu Rochefort an huet zënter e puer Joer eng Héngerzuucht. Allerdéngs ass do en Hunn mat drënner gerutscht an dat wier deen, dee sech elo reegelméisseg mueres mellt. De Problem wier hei, dass den Héngerstall e puer Meter vun de Pensionären hirer Schlofkummer ewech ass. De Prozess ëm de Gockel Maurice war en Donneschdeg de 4. Juni ënnert grousser Mediepresenz ugaangen.

Den Hunn selwer war wärend dem Prozess awer net präsent. Der Besëtzerin no leit de Maurice ënnert Stress an ass ze vill hees fir eng Ausso kënnen ze maachen. De Prozess beweegt ganz Frankräich, well de galleschen Hunn, d'Wopendéier vum Land ass. De Buergermeeschter vun engem franséischen Duerf, net wäit vu Rochefort ewech, huet eng Initiativ ugekënnegt, fir all déi Geräischer vum Land als ''Nationaalt Kulturierwen'' ënner Schutz stellen ze loossen.

Sou hätt den Hunn Maurice gutt Chance fir dee Prozess ze gewannen.