Héich TemperaturenWat mécht Hëtzt mat eisem Kierper?

Héich Temperature schéin a gutt, mee ze vill ass ze vill. Extrem Hëtzt ka richteg onangenehm sinn, mee wéi geféierlech ass se fir eise Kierper?

Leschten Update: 24.07.2019, 07:44:13

© Pexels

Knapps sinn d’Temperaturen eng Kéier iwwer 30 Grad, scho wënscht ee sech de Wanter zeréck. Wann den Thermometer ze héich klëmmt, ass dat net agreabel, et kann awer souguer richteg geféierlech ginn.

Dee gréisste Problem am Summer: Den Hëtzt-Kollaps. D’Virzeeche vu sou engem Kollaps, si Problemer sech ze konzentréieren a méi lues Reaktiounen. D’Häerz schléit méi séier an de Kreeslaf versot op eemol. Et verléiert een d’Bewosstsinn.. oder méi schlëmm.

Mee wat dogéint maachen? Dee gréisste Feeler, ass sech ze waarm unzedoen. Sou kann de Schweess net verdonsten an d’Hëtzt bleift am Kierper. Dowéinst fillt sech och eng dompeg Ëmgéigend méi waarm un: de Schweess ka wéinst der Loftfiichtegkeet net gutt verdonsten.

Ze déck Kleedung féiert awer och dozou dass d’Blutt am Kierper sech anescht verdeelt, wat dozou féiert dass d’Häerz net méi genuch Blutt kritt. Doduerch kritt och d’Gehir net méi genuch Sauerstoff an et kollabéiert een.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Eng aner Gefor bei héijen Temperaturen ass ironescherweis de „Kälteschock“. Wien nom Sonnen direkt a frëscht Waasser spréngt liwwert säi Kierper enger Temperatur-Achterbunn aus. D’Ootmung ass dann net méi ze kontrolléieren, et hyperventiléiert een. 1 Minutt drop ass Schwamme schonn net méi méiglech, well och d’Beweegungen net méi ënner Kontroll sinn.

Generell gëtt eise Kierper mat Keelt besser eens wéi mat der Hëtzt. Dat läit dorun, dass mir vill méi Rezeptore fir d’Keelt hunn, d‘Upassung also besser fonctionnéiert. Fir Deeg um Stauséi gëllt also: genuch drénken, déi richteg Kleedung undinn a sou laang wéi méiglech am Schied sinn.