Kontrollen a CBD-ButtekerParquet reagéiert op Kritik vum Hanfverband

No de Perquisitiounen a 34 CBD-Butteker an der Kritik vum Hanfverband um Oflaf an um Suivi vun de Kontrolle ginn et elo zum Deel Erklärunge vum Parquet.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:23:54

© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP

Hanfverband waart nach ëmmer op eng Äntwert

No de Perquisitiounen a 34 CBD-Butteker hei am Land den 13. Juni hat den Hanfverband sech stellvertriedend fir déi verschidde Butteker iwwer d'Virgoe vun den Autoritéiten opgereegt  awer och iwwer d'Informatiounspolitik, déi duerno bedriwwe ginn ass. Deemno hätt een op d'mannst als Verband bis haut nach keng Äntwert op verschidde Froe kritt an och d'Produiten, vun deenen der a verschiddene Butteker relativ vill matgeholl gi waren, hätt een nach ëmmer net zeréckkritt.

Lauschtert hei d'Kritik vum Hanfverband!


Op Nofro huet de Parquet dann elo op verschidde Punkte reagéiert.

Analyse wäerten nach undaueren

Dem Hanfverband no krut ee bis ewell nach ëmmer keng Réckmeldung vun den Autoritéiten, wéi et dann elo ëm d'Analysen an déi saiséiert Produite steet. A vum Parquet huet et effektiv geheescht, dass d'Analysen hir Zäit bräichten. Een Deel géif am Staatslabo analyséiert ginn, alles wat Liewensmëttel ass, misst an engem spezielle Labo zu Wien gepréift ginn. An eréischt wann do all d'Rapporten do wieren, da kéint ee kucke wéi et weider geet.

Wann sech an deem Sënn sollt erausstellen, dass Produite verkaf gi sinn, déi géint Gesetzer verstoussen, da wäerten an deem Fall déi concernéiert Commerçanten fir weider Erklärunge gefrot ginn an da wäert eben och ermëttelt ginn. Bis ewell kéint een doriwwer awer nach keng weider Indikatioune maachen, well wéi gesot d'Analysen nach net ofgeschloss sinn.

Kontrolle si vu Buttek zu Buttek anescht

Iwwerdeems haten sech eng Rëtsch Butteker an och de Verband doriwwer opgereegt, wéi d'Kontrollen ofgelaf sinn. Bei deenen enge wier näischt oder bal näischt matgeholl ginn, bei deenen anere wier bal alles agepaakt ginn. Donieft hätt et esou geschéngt, wéi wann d'Beamten net richteg iwwer hir Missioun an d'Produiten informéiert gewiescht wieren.

Dem Parquet no wier et hei esou, dass all Kontroll - jee no Buttek - anescht wier. Hei géif sech ënner anerem d'Fro stellen, wéi eng Produite genee verkaaft ginn, ob et z.B. éischter Kosmetik ass oder éischter Liewensmëttel, sougenannten „Novel Food“. Weider géifen esou Kontrollen och dovun ofhänken, wéi d'Gréisst vum Buttek ass, ob et en Haaptgeschäft ass oder ob et just e klenge Rayon mat CBD-Produite gëtt, am Buttek awer an der Haaptsaach aner Wuere verkaaft ginn, asw.

Méi kéint een de Moment zu de Kontrollen, den Analysen an der Kritik um Virgoen net soen, esou nach de Parquet.

Links