Féx erkläertWisou richt Summerreen?

Jidderee kennt en: de Geroch vum Reen no enger laanger Dréchent. Mee wouhier kënnt dëse spezielle Geroch?

Leschten Update: 12.07.2019, 08:51:36

© Pexels

De Geroch vum Summerreen kënnt aus der Natur an huet souguer een eegenen Numm, nämlech Petrichor. Besonnesch staark ass de Geroch, wann et eng länger Zäit ganz dréchen a waarm war, an dann de Ree kënnt. U sech dierft de Reen no näischt richen, well e jo eigentlech nëmmen aus Waasser besteet, a Waasser richt net.

De Geroch deen entsteet, besteet virun allem aus zwou Haaptsubstanzen. Déi éischt ass de Geosmin, een Alkohol, dee vu Bakterien déi am Buedem liewen, produzéiert gëtt. Geosmin richt wéi eng Mëschung aus Roude Rommelen a Schimmel am Buedem.




Och Planze spillen eng Roll. Wann et waarm an dréchen ass, produzéiere si een aromateschen Ueleg. Deen Ueleg gëtt da vum Buedem absorbéiert. A soubal sech dës zwou Substanze vermëschen, entsteet deen typesche Summerreen-Geroch.

Fuerscher an den USA hunn dann erausfonnt, dass de Geroch fräigesat gëtt, wa kleng Loftblosen am Waasser zerplatzen, ähnlech wéi de Spruddel am Schampes. Déi Blosen entstinn, wann d’Waasser op de Buedem opschléit. Dat erkläert och firwat verschidde Leit de Reen schonn am Viraus riche kënnen. Duerch déi méi héich Loftfiichtegkeet gëtt de Buedem ganz liicht naass, an de Geroch kann sech mat der Loft vermëschen.