Bis zu 4,7 Grad bis 2050Däitlech Erwiermung a Metropolen erwaart

D'Metropole vun eiser Äerd wäerte wuel an Zukunft mat engem däitleche Changement vum Klima musse fäerdeg ginn. An Europa ginn d'Temperaturen däitlech erop.

Leschten Update: 11.07.2019, 17:46:58

© PHILIPPE HUGUEN / AFP

An deene leschte Wochen hate mir jo deels mat rekordverdächtegen Temperaturen ze kämpfen. Déi, déi an enger Stad wunnen, wou vill zoubetonéiert ass, vill Autoen ënnerwee sinn an d'Loft ze stoe schéngt, déi wëssen, dass et bei grousser Hëtzt quasi net ze erdroen ass, e puer Meter iwwer den Trottoir ze goen. Ma Fuerscher aus der Schwäiz wëllen elo erausfonnt hunn, dass Awunner vu grousse Stied sech an Zukunft mussen drop astellen nach vill méi ze schweessen.

Weider am Norden wéi 1'000 Kilometer weider südlech

Déi grouss Metropolen op der Welt mussen sech op eng däitlech Erwiermung vum Klima an der Stad astellen, zu deem Schluss kënnt eng Etüd vu Wëssenschaftler vun der technescher Héichschoul vun Zürech. 77%, d.h. iwwer dräi véierel vun de 520 gréisste Stied mussen deemno bis 2050 mat engem drastesche Changement vun der Temperatur rechnen.

An 22% vun deene Groussstied kënnen sech de Fuerscher no esouguer drop astellen, dass si komplett nei Klimaverhältnisser wäerten hunn.

Gleeft een de Modeller, da wäert sech d'Klima quasi verréckelen an an de Groussstied op der Nordhallefkugel wäerte mir da Konditiounen hu wéi se de Moment iwwer dausend Kilometer weider Südlech sinn.

Sech zu London wéi zu Madrid fillen

Dat heescht fir déi europäesch Metropolen am Summer an der Moyenne e plus vun 3,5 Grad an am Wanter esouguer vu 4,7 Grad. Stied an tropesche Regioune mussen iwwerdeems manner mat enger Temperaturhausse mä mat méi engem dréchene Klima rechnen.

Pickt een do emol e puer Beispiller eraus, dat gëtt besser däitlech, wat dat dann elo effektiv géint heeschen. Huele mir z.B. London, do misst een dee Moment mat Verhältnisser wéi zu Madrid rechnen an zu Madrid kéint ee sech wéi zu Marrakesch fillen. Zu Paräis kéint et engem virkomme wéi an der australescher Haaptstad Canberra,

Optimistesch a relativ virsiichteg Schätzung

Dobäi hunn d'Fuerscher sech nach op relativ optimistesch Wäerter fir hir Estimatioune baséiert. Fir hir Berechnunge si si dovun ausgaangen, dass d'Duerchschnëttstemperature global gesinn ëm 1,4 Grad klammen. Bedenkt een dann, dass d'Klimaofkommes vu Paräis eng Begrenzung vun der Temperaturhausse op ënner 2 Grad am Verglach zum virindustriellen Zäitalter virgesäit, muss een sech froen, ob dat duergeet.

Weider kënnen d'Resultater deenen, déi eis Stied plange wichteg Hiweiser ginn, op wat een an Zukunft muss oppassen a wéi d'Infrastruktur muss geplangt ginn, fir mat den neie Situatioune fäerdeg ze ginn.

Links