Blo LuuchtDe Smartphone mécht Loscht op Séisses

Owes hänke mer nach dacks um Handy. Ma dëst soll e Grond si wisou mir heiansdo gär naschelen.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:45:02

© Pexels

Dass déi blo Luucht vun de Smartphonen eisem Biorhythmus net gutt deet, ass mëttlerweil kee Geheimnis méi. Owes virum Schlofe goen nach e puer Minutten op den Handy gekuckt a scho schléift ee manner séier an. D'Luucht vum Smartphone, reduzéiert nämlech d'Melatoninproduktioun am Kierper, dat Hormon dat eis méi midd mécht.

Sou wäit sou gutt. Ma déi blo Luucht vum Smartphone léisst awer och nach Loscht op Séisses aus.

Eng nei Etüd vun den Universitéiten zu Amsterdam a Stroossbuerg huet gewisen, dass Raten déi owes stonnelaang bloer Luucht ausgesat waren, eng zockerhalteg Moolzecht enger normaler virzéien.

Sou ass dat och op eis Mënschen zeréckzeféieren. Scho méi al Etüden hu gewisen, dass et eng staark Verbindung tëscht der Fettleibegkeet an der kënstlecher bloer Luucht an der Nuecht gëtt. Dat läit dorunner, dass d'Netzhautzellen vum A extrem empfindlech op genee déi blo Luucht reagéieren, a leeden d'Informatiounen direkt un déi appetit-ureegend Beräicher am Gehir.

De Fazit vun de Fuerscher ass, dass z.B d'LED-Luucht besonnesch nuets stéiert an eis dozou verleet éischter op eppes Séisses als Snack zeréckzegräifen, wéi eppes mat manner Zocker.

D'Raten am Experiment waren dëser Luucht nëmmen eng Nuecht ausgesat d.h also dass se och nëmmen eng Kéier de Choix, tëscht eppes Séissem an normalem Fudder hu missten treffen. Wann een also als Mënsch all owes Stonnen domadder verbréngt op säin Handy ze kucken, dann ass een och logescherweis all Dag dozou verleet sech e séisse Snack ze gënnen.

Op Dauer kann een also soen dass de Gebrauch vum Smartphone Loscht op Séisses mécht, an een domat Gefor leeft no enger Zäit deen een oder anere Kilo méi op den Hëften ze hunn.


Lauschtert eran