Eldo-KondomerSafer-Sex a Präventioun sinn och haut nach wichteg!

"Ëmmer manner Leit fille sech responsabel an dofir musse grad déi Jonk responsabiliséiert ginn", esou Dr. Simone Steil am Eldo-Interview.

12.07.2019, 11:00:36

© Eldoradio

All Joer lancéiert de Ministère vun der Santé eng Summercampagne géint iwwerdrobar sexuell Krankheeten. Och den Eldo huet sech där Iddi ugeschloss an zesumme mam Ministère Kondomer erausbruecht, déi elo am ganzen Eldoland verdeelt ginn. Am Eldo Interview war Dr. Simone Steil fir iwwer d’Wichtegkeet vu Präventiv-Medezin z informéieren.

Kuerz virun der Vakanzenzäit sollen d'Reegele vum Safer-Sex an der Virdergrond gerréckt gi fir d'Leit virum Départ nach emol ze sensibiliséieren. D'Haptzilgrupp sinn do natierlech déi Jonk, ma och spezifesch Risikogruppen, well d'sexuell iwwerdrobar Krankheeten, de weltwäiten Zuelen no, ëmmer weider an d'Luucht ginn. Grond dofir ass ënnert anerem well ëmmer manner Leit sech responsabel fillen a Krankheeten, wéi AIDS, banaliséiert ginn.

Ma nëmme well et mëttlerweil méi Medikamenter ginn an een d'Krankheeten anescht behandele kann, dierf een net vergiessen, datt vill Krankheeten net heelbar sinn oder uerg Konsequenze mat sech bréngen. Doduerch, datt d'Leit manner oppasse geet deemno och d’Zuel vun anere sexuell iwwerdrobare Krankheete wéi Syphilis, Tripper oder Chlamydien an d’Luucht.

Fir dëst ze stoppe wëll de Ministère also dorun erënneren, datt et wichteg ass e Präservativ ze benotzen, wann een nach keng Tester gemaach huet. Fir d’Zilgrupp ze erreeche gëtt hei virun allem drop gesat no mat de Jonker zesummen ze schaffen an hinnen esou d’Wichtegkeet vun der Präventivmedezin bäizebréngen.

Preventiounsmesuren a Form vu Kondomer ass also wichteg, ma och d’sekundär Preventioun soll net vergiess gi fir, am Fall vun enger Infektioun, esou fréi wéi méiglech behandelt ze ginn an d’Krankheet net weiderzeginn. 2017 ass et nämlech en traurege Rekord vun 101 neien Entréeen a Punkto HIV-Infektiounen hei zu Lëtzebuerg ginn. 2018 sinn déi Zuelen zwar nees erofgaangen, trotzdeem ginn et hei zu Lëtzebuerg nach vill Leit, déi infizéiert sinn ouni et ze wëssen. Nieft HIV ginn dann och d’Zuele vun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten an d’Luucht.

Dowéinst ass et wichteg sech ze informéieren an ze schützen!

© Eldoradio


Lauschtert hei de kompletten Interview!


Fir méi Informatiounen, Hëllef oder Tester kann ee sech zu all Moment un den eegenen Hausdokter oder un d'Clinique wenden. Ma och verschiddenen online Adresse bidden esou e Service un:

Ministère vun der Santé
Croix-Rouge
Centre Hospitalier Emile Mayrich
Planning Familial