Informatiounen am Hannergrond Fuerscher verstoppen Daten a Musek

Nieft der Musek kënne Schallwellen och Daten u Smartphonen oder Computere schécken. Fir d'Ouer sinn dës bal net ze erkennen.

Leschten Update: 12.07.2019, 17:25:57

© Eldo

Wann een duerch de Supermarché geet, an engem Restaurant sëtzt oder an der Lobby vun engem Hotel waart, da leeft dacks am Hannergrond Musek, déi ee bal net wouerhëlt an déi ebe wéi scho gesot just Hannergrondmusek ass. Déi soll dacks einfach entspanen an d'Atmosphär e bësse méi labber maachen, vill méi stécht net dohannert. Ma elo hu Fuerscher vun der ETH Zürech et fäerdeg bruecht fir Hannergrondmusek fir e ganz aneren an op den zweete Bléck relativ prakteschen Zweck ze notzen.

Vum Ouer bal net wouerzehuelen

Zwee ETH-Doktoranden ass et gelonge fir an der Musek net nëmmen déi musikalesch Informatiounen ze späichere ma och nach ganz aner Daten, déi an d'Musek gemëscht ginn an och duerno erëm kënnen z.B. vun engem Handy gelies ginn.

De Clou bei där ganzer Saach ass, dass dës Informatiounen d'Musek zwar liicht veränneren, dass dat vun eisem Ouer awer net wierklech wouergeholl gëtt, et sief dann et huet een en direkte Verglach tëscht dem Original an dem verschaffte Lidd.

Markant Téin verstoppen d'Informatiounen

Dofir verstoppen d'Fuerscher d'Téin, déi d'Informatiounen droen hannert haarden dominanten Téin, déi zum Lidd gehéieren. Déi lues „Informatiounstéin“ sinn dobäi liicht méi héich oder déif, firwat de Mënsch se an der Reegel net eraushéiert.

Hei de ganze Reportage an e Verglach tëscht "Datemusek" an dem Original:


Esou ass et méiglech bis zu 400 Bit pro Sekonn ze iwwerdroen, méi ass och guer net néideg, wann ee kuckt, fir wat d'Fuerscher dës Technik wëllen asetzen.

Asaz ënner anerem a Muséeën, Supermarchéen, Fluchhäfen

Esou wier et nämlech méiglech mat Hëllef vun der Hannergrondmusek op de genannte Plazen z.B. W-LAN Zougangsdaten direkt op de Smartphone ze iwwerdroen, sou dass een déi net méi muss manuell aginn.

Oder am Musée kéint een z.B. Informatiounen zu engem Ausstellungsstéck op de Smartphone iwwerdroen andeems een einfach an deem bestëmmte Raum eng aner Musek lafe léisst, dat selwecht mat de verschiddene Rayonen am Supermarché, wou Informatiounen zu Reklammen oder Websäite kéinte via d'Musek iwwer de Smartphone empfaange ginn.

D'Museksbeispill gouf iwwregens vun der Big Band vun der Héichschoul opgeholl an duerno hunn d'Fuerscher d'Internetadress vun der ETH dora verstoppt.