CGDISKee Problem beim rekrutéieren

An enger parlamentarescher Fro wollt d'Deputéiert Françoise Hetto wëssen, ob et beim CGDIS Personal-Enkpäss ginn.

19.07.2019, 12:03:53

© Eldo

An enger parlamentarescher Fro wollt d'Deputéiert Françoise Hetto wëssen, ob et beim Corps grand-ducal d'incendie et de secours Enkpäss ginn, wat d'Personal ugeet. Et hätt een Informatiounen, deenen no et a villen Asazzenteren u berufflechem awer och u fräiwëllegem Personal géif feelen an et dofir Problemer géife ginn, fir déi alldeeglech Erausfuerderungen ze meeschteren.

Zesumme 663 Mataarbechter beim CGDIS

Den 1. Juli war et genee ee Joer hir, dass de CGDIS ënnert deem d'Rettungsdéngschter aus dem Land regroupéiert goufen, geschaaft ginn ass. Zu deem Zäitpunkt hu 488 Beruffspompjeeën an 175 technesch an administrativ Mataarbechter beim CGDIS geschafft, esou d'Inneministesch Taina Bofferding an hirer Äntwert.

Dee selwechten Dag war awer dunn nach emol eng Campagne lancéiert ginn, fir zousätzlech 58 nei Mataarbechter am Cadre de base an am Cadre supérieur ze rekrutéieren.

Keng Enkpäss a genuch nei Kandidaten

Elo kéint ee jo mengen, dass der also net genuch géifen no kommen, ma dat wier net de Fall, seet d'Inneministesch. Et kéint een net vun engem Rekrutéierungsproblem schwätzen an et hätten sech bis elo ëmmer genuch Kandidate gemellt, wa Poste vum CGDIS ausgeschriwwe goufen.

© Inneministère


Weider géif de Generaldirekter an deem Sënn am Hierscht e laangjärege Plang fir d'Rekrutement virleeën. Och schonn an der Vergaangenheet wier d'Unzuel vun de Beruffspompjeeën däitlech erhéicht ginn.

Zanter Jore ginn nei Poste geschaaft

Vun 2009 bis 2019 wieren esou 211 nei Poste geschaaft ginn. An der Stad wieren der vun 2008 bis 2018 nach emol 13 dobäi komm an zanter dem 1. Juli 2018 wieren nach 52 Mataarbechter aus dem Gemengesecteur iwwerholl a Vollzäit agestallt ginn. Um Enn huet d'Ministesch nach betount, dass een och an Zukunft déi noutwenneg Mëttel wëllt bereetstellen, fir genuch Personal anzestellen, ma et wéilt een drun erënneren, dass de CGDIS bis elo all Asaz konnt duerchféieren an den 112 all Uruff konnt beäntwerten.