Wann e Star, e Star kucke geetChris Martin um Rammstein Concert zu Lëtzebuerg

Ënnert de Spectateure vum Rammstein-Concert war een internationale Star aus der Musek. De Chris Martin vu Coldplay war och zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 21.07.2019, 14:29:31

© Instagram Screenshot / till_lindemann_official

E Samschdeg war Rammstein fir ee Mega-Concert hei zu Lëtzebuerg. Ville Fans huet de Concert dann och gutt gefall, dat liest ee jiddefalls an de soziale Medien an dat hunn eis och vill Leit um Mikro gesot.

Ma de Sänger vu Coldplay, de Chris Martin hat sech och ënnert d'Rammstein-Fans gemëscht, wéi een op enger Foto vum Till Lindemann gesäit, déi hie selwer op senger Instagram-Säit gepost huet.






© Eldoradio


LINK/ Hei kënnt dir all d'Fotoe vum Rammstein Concert kucken