No-Go'sDat sollt een NET maache wann een net schlofe kann

Et gi bestëmmten Ugewunnechten, déi d'An- an d'Duerchschlofen extrem negativ beaflossen.

Leschten Update: 06.08.2019, 16:06:44

© Unsplash

Nuets net schlofen ze kënnen, ass eng richteg Qual. Grënn fir Schlofstéierunge ginn et der vill, vu kierperlechen Ursaachen iwwer Stress am Alldag bis hin zu psychesche Problemer. Wärend et net ëmmer kloer ass, firwat een net schlofe kann, kann een awer selwer eppes dogéint maache fir de Schlof ze verbesseren.

Lauschtert hei d'Reportage:





Net um Smartphone fummelen

Et gëtt wuel keng méi schlecht Iddi, wéi op de Smartphone ze kucke wann een net schlofe kann. Etüden no géif déi blo Luucht vum Ecran d’Produktioun vum Schlof-Hormon Melatonin méi schwéier maachen. Sou dat et nach méi schwéier gëtt anzeschlofen.


Net permanent op d’Auer kucken

Wann een net schlofe kann, ass et besonnesch wichteg, roueg ze bleiwen. Permanent d’Auerzäit ze checken a mat all vergaangener Minutt sech méi onwuel ze fillen ass logescherweis kontraproduktiv. Ausserdeem sollt generell all kënschtlecht Liicht vermeit ginn.





Net opstoen

Och wann een et am Bett net méi aushält, Opstoe mécht alles nach méi schlëmm. Duerch d’Beweegung gëtt eise Kreeslaf ugereegt an de Kierper schalt vum Schlof- an de Waakreg-Modus ëm. Sou bal d'Ronderëmleien ee verréckt mécht, sollt een Otem-Übunge maachen. Heibäi bitt sech d‘4-7-8-Technik un. 4 Sekonne laang gëtt duerch d'Nues geotemt, dann hält een den Otem 7 Sekonne laang un, an et otemt een 8 Sekonne laang aus. Dat Ganzt sollt 4 mol widderholl ginn.

Net verzweiwelen

Et sollt een net verzweiwelen, och wann dat elo méi einfach gesot wéi gemaach ass. Et ass nämlech schwéier no e puer Stonne waakreg am Bett ze leien, net d’Nerven ze verléieren an net permanent drun ze denke wéi schrecklech den Dag drop wuel gëtt. Trotzdeem bréngt et näischt sech opzereegen a suergt fir een héije Bols, et gi Stresshormoner ausgeschott a setzt de Kierper an Alarmbereetschaft. An da gëtt et nach méi schwéier anzeschlofen. Dofir ass et wichteg, sech selwer bewosst ze berouegen. D’Wëssen dass een sech och erhëlt, wann op d’mannst de Kierper rout, kann dobäi entspanen. Am beschte konzentréiert een sech ganz dorop, an enger gemittlecher Positioun ze rouen.







Tipps wat ee maache ka fir besser ze schlofen:


Reegelméissegkeet

Et sollt een zu de selwechten Auerzäite schlofe goen an den Dag drop zu der selwechter Auerzäit opstoen, dat hëlleft der bannenzeger Auer sech ze reguléieren a fërdert een erhuelsame Schlof.

Keng elektronesch Apparater am Zëmmer

D’Schlofkummer ass fir Rou an Entspanung geduecht. Aarbecht, Diskussiounen, Telé an aner elektronesch Geräter sollten am beschten net am Zëmmer sinn.

Kee Sport

Sport virum Schlofe goen ass och keng sou gutt Iddi. De Kierper gëtt dobäi ugereegt an de Schlof gëtt erausgezögert.

Iessgewunnechten

Schwéiert, fettegt Iesse wéi Schnitzel mat Gromperenzalot oder Fast Food, besonnesch owes spéit, hëlleft net roueg ze schlofen. De Mo gëtt doduerch schwéier belaascht, de Kierper muss da vill méi Energie an d'Verdauung stiechen an esou kann een net "erofkommen". Méi liicht, kalorienaarmt Iesse wéi eng Zopp oder frëscht Geméis ass besser. Och sollt een net méi spéit wéi 20h00 iessen. Op Energy Drinks, Kaffi a schwaarzen Téi sollt ee verzichten.