Life of Bryan - Gewalt a SpillerSpiller ginn nees beschëllegt

No de Schéissereien zu El Paso/Texas an zu Dayton/Ohio an den USA hu gewësse Politiker endlech de Grond fonnt, soe si.

07.08.2019, 13:34:05

© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

D’Schéissereien an Texas an Ohio sinn déi rezentsten Evenementer an engem trauregen Trend, deen ëmmer méi dacks am amerikaneschen Alldag virkënnt.

Zum Gléck hu gewësse Politiker an den Donald Trump sech vill Gedanken iwwer déi neist Kris gemaach fir erauszefannen, wourunner et leie kann, dass d’USA vun dëser Waffegewalt geplot ass.

D’Fro ob Gewalt a Videospiller zu Gewalt am richtege Liewe féiert ass al, extrem al. Zenter de spéiden 80er gi Spiller a reegelméissegen Ofstänn fir Gewaltdote responsabel gemaach.

An de méi wéi 3 Joerzéngten, wärend deenen dës Uschëllegunge gemaach gi sinn, huet sech vill gedoen: D’Spillindustrie regléiert sech zënter de 90er eegestänneg mat der ESRB an et ginn Honnerte vun Etüden, déi ënnersicht hunn ob et en Zesummenhang tëscht Spiller a Gewalt gëtt. Eng grouss Majoritéit vun de Recherchë weist, dass Gewalt a Spiller a kenger Form Aggressioune steigert.

U sech cool, dass d’Spillindustrie sech esou staark ënnersiche léisst, anescht wéi eng gewëssen aner Industrie, déi zënter 1996 duerch Lobbyismus Recherchen aktiv ënnerdréckt. D’Waffenindustrie.

Schéissereien a Gewalt an all Form sinn eng schlëmm an traureg Saach an d’Originne vun esou Doten si komplex a komplizéiert. Spiller ouni stéchhalteg Beweiser ze beschëllegen ass dowéinst menger Meenung no einfach nëmmen eng Excuse, fir eng einfach mee falsch Äntwert op eng schwéier Fro ze ginn.