Life of Bryan - The BoysBéis Superhelden a gutt Normalos

De Video-Service vun Amazon huet iwwert déi lescht Joer vill an hir eegen nei Serien a Filmer investéiert. Eng dovunner ass d’Comic-Serie The Boys.

12.08.2019, 04:00:18

© Youtube Screenshot

Disney, Marvel an hir Filmer hunn eis Superhelde presentéiert, wéi déi meescht sech wahrscheinlech d’Helde géinge virstellen: heroesch, virbildlech an ëmmer fir dat gréissert Gutt.

The Boys dréint de Spiiss ëm. Wat wier wa Superhelden net déi perfekt Wiese wieren, déi Liewe retten a wéi mir se gesinn?

An der Welt vun The Boys ass dat wat mer vun de Superhelde kennen nëmmen eng Fassad. Et ass eng Industrie, an där iwwermënschlech Leit wéi Schauspiller eng Roll fir sech hierstellen, déi dem Public verkaf gëtt.



Et ass eng zynesch Visioun vun der Superhelden-Fantasie an den Timing kéint éierlech gesot net besser leien, well Superhelden och an eiser Welt esou profitabel si wéi nach ni.

The Boys ass awer net nëmmen ee pickege Kommentar iwwert d’Suen, déi hannert de Kulisse gemaach ginn, mee d’Serie baut eng erschreckend plausibel Gesellschaft ronderëm de Fakt, dass Superhelden an hirer Welt wierklech existéieren a stellt an deem Kontext relevant an interessant Parallellen zu wichtegen Themen hier.

Wat ass wa Superhelden zu enger Mark gemaach ginn? Wéi steet Politik oder de Militär zu Superhelden?

Hunn ech erwäänt, dass d’Serie brutal a net fir Kanner geduecht ass?



The Boys stellt ähnlech wéi Watchmen eng méi pessimistesch Visioun vun enger Gesellschaft mat Superhelden duer an ass gläichzäiteg mat der brutaler Action an den erwuessene Sujeten zu kenger Minutt langweileg.

Lauschtert Iech hei de Reportage un

Links