EtüdDe Brexit hëlt de Briten d'Loscht am Bett

Vill Briten déi dofir gestëmmt hunn, datt Groussbritannien an der EU bleift, leiden ënnert dem sougenannte "Brexit-Blues".

Leschten Update: 07.08.2019, 14:01:59

© pixabay

De Brexit zitt sech an d'Längt an d'Brite verzweiwelen. Dat beleeën nei Etüden, no deenen Depressiounen, Angschtzoustänn an Aggressiounen an der britescher Bevëlkerung zënter dem EU-Referendum 2016 staark zougeholl hunn. An de Sträit iwwert d'EU-Memberschaft gëtt deemno net nëmmen an der Stuff ausgedroen, mee och a britesche Schlofkummere leeft keng méi...

Eng Analyse vun der "London School of Economics" huet zënter dem Referendum vun 2016 eng däitlech Hausse vun emotionalem Stress an Angschtzoustänn bannent der britescher Bevëlkerung festgestallt. Betraff wiere virun allem déi Leit déi sech fir d'Bleiwen an der EU ausgeschwat hunn. Symptomer weisen sech a Form vu Konzentratiounsschwächt, Nervositéit, bis hin zu Depressioun an dem Gefill wäertlos an ouni Muecht ze sinn.

Dat seet och déi nordenglesch Uni zu Warwick. Vill Wieler, déi fir d'Bleiwen an der EU gestëmmt hunn, géifen ënnert dem sougenannte "Brexit-Blues" leiden, heescht et an der Etüd vun der Uni, bei där iwwer 35.000 Brite matgemaach hunn.

De Blues géif sech och an de britesche Schlofkummere bemierkbar maachen. Den Online-Datingdéngscht "eHarmony" huet erausfonnt, dass 1,6 Millioune Mënschen déi a Groussbritannien liewen, mam Partner wéinst dem EU-Referendum Schluss gemaach hunn. Therapeute confirméieren, datt Therapie mat Koppelen zougeholl hunn an dass de Brexit ëmmer méi dacks Sträit tëscht Koppele provozéiert.

A wärend d'Zuel vun de Scheedunge mat all mësslongener Brexit-Debatt zouhëlt, verléiert zäitgläich net nëmmen de Pond u Wäert, mee och geet d'Zuel vun de Gebuerten zeréck.