Weltdag vun der KazFirwat Kazen eis gutt dinn

D'Eldo-Catherine ass e Kazefrënd an dat huet seng Grënn!

Leschten Update: 08.08.2019, 16:36:05

© Pexels

Dacks héiert een "Ech sinn éischter sou Team Hond", "Mat Kaze kann ech näischt ufänken" oder och "Déi si falsch an hannerrécks".

Jo natierlech, et huet een ëmmer iergendwou Kazenhoer op de Kleeder, et gëtt ee moies duerch Miauen erwächt a se hunn hire ganz eegene Kapp. Ma och wa se eis mol ignoréieren, d'Saachen einfach esou vum Dësch geheien oder d'Krallen ausfueren, ech behaapten: Kaze sinn déi perfekt Hausdéieren.

Wann der elo sot "Dat kann net sinn" - Hei e puer Grënn är Meenung ze änneren.




  1. Se monteren een op

Egal op engem kal ass oder ee grad traureg ass, wann d'Kaz net grad um Ego-Trip ass da leet se sech bei, oder am léifste souguer op, de Mënsch, hält ee waarm an tréischt een. Kaze sinn deemno perfekt fir ze kuschelen a wa se bis ufänke mat schnurren, da kritt ee sech duerch dat berouegend Geräisch ganz séier nees berouegt. Dovun ofgesi lauschteren der d'Kazen no, also ënnerlech beuerteele se dech natierlech, mee ausser miaue kritt ee keng Diskussiounen.

  1. Kaze si gutt fir eis Gesondheet

Ma net just mental hëllefe Kazen, Etüden hu bewisen, datt Kazen de Stresspegel vun hire Besëtzer erofbréngen. Duerch d'Heemele vun den Déiere gi Gléckshormoner ausgeschott, wärend gläichzäiteg d'Produktioun vu Stresshormonen ofhëlt a wéi gesot d'Schnurre bréngt eis Entspanung. An dat huet deemno och Auswierkungen op d'Häerz a weider Krankheetsrisiken.

  1. Den Allergierisk geet erof

Vill Leit denken, datt Kazen Dréck vun dobausse matbréngen oder souguer geféierlech fir Kanner sinn. De Géigendeel ass awer de Fall. Etüde besoen, datt Kanner, déi mat enger Kaz opwuesse manner ufälleg fir Allergie sinn. Ausserdeem wierke sech Kaze positiv op d’Perséinlechkeetsentwécklung a well een esou méi séier léiert Verantwortung z iwwerhuelen entwéckele sech och d’Sozialkompetenze besser.

An nach e puer Grënn firwat Kazen den Hate vu ville Leit net verdéngen

Kloer net all Kaze sinn zoutraulech a fleegeliicht, déi meescht hunn hir Eegenaarten a wa se kee Bock op dech hunn, da weise se der dat och. Mee genee dat ass et och wat dëst Déier ausmécht: Si loosse sech net alles gefale mee dofir muss een och net esou vill Zäit investéieren. Eng Kaz ka mol eleng doheem gelooss ginn oder en Dag am Gaart verbréngen. Se si méi roueg wéi aner Hausdéieren, ausser villäicht Fësch, a botze sech och nach selwer. Net ze vergiessen a mäi perséinleche Favorit de Fellknäuel ass och nach witzeg unzekucken, sief et am Kampf mat enger Kartongskëscht oder wa se sech wéi en Erdmännchen op de Réck leeën, bei Kaze weess een ni wat een erwaart.