Offiziell gewieltDe Summerhit 2019 steet fest

De Summerhit kënnt vun engem Kanadier an enger Kubanerin: Am Video vum Latino-Song gëtt sexy gedanzt 

Leschten Update: 08.08.2019, 14:09:42

© Tim Boyles / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

All Mënsch huet säin eegene, private Summerhit. Awer et gëtt Lidder, deenen een einfach net entkomme kann. Net just, well se stänneg um Radio lafen, mee och well se einfach dës gewësse Magie hunn. Et séngt ee se mat, och wann engem dee jeeweilege Genre guer net läit. „Despacito“ vum Luis Fonsi war sou ee Lidd, den offiziellen Summerhit 2017.

Zanter Ufank vun den 90er-Jore wielt den däitsche Maartfuerschungsinstitut GfK Entertainment jeeweils Enn Juli/Ufank August den offizielle Summerhit vum Joer. Zejoert konnten El Professor an Hugel sech mat „Bella Ciao“ behaapten.



De Summerhit vun dësem Joer kënnt vun engem Kanadier an enger Kubanerin: Shawn Mendes a Camila Cabello konnte sech mam Titel „Señorita“ duerchsetzen . De Latin-Song gouf op Streamingplattformen méi wéi 40 Millioune  Mol opgeruff a war 3 Wochen un de Spëtzt vun den Offiziellen Däitschen Charts. Och international ass d’Single en Hit. Wéi di Responsabel vun GfK Entertainment betounen, huet  Señorita alles, wat ee Summerhit ausmécht: eng Melodie, déi Vakanzestëmmung verbreet, e Rhythmus fir ze danzen, an ee Refrain fir matzesangen.

 

Wéi schonn am Titel „Despacito“ geet et och a Señorita em d’Spill vun der Verféierung- zimlech sexy ass och de passenden Video, dee souguer zu Rumeuren geféiert huet, de Shawn Mendes an d‘Camila Cabello hätten eppes mateneen. An de leschte Wochen solle si och am richtege Liewe geknuutscht hunn, Medieninformatioune no ass dat awer just e PR-Gag.