GesondheetDat stécht hannert der Summerdepressioun

Pur Sonn, bloen Himmel an d'Leit si gutt drop. Um Summer kann een eigentlech net vill auszesetzen hunn, ausser et leit een ënnert enger Summerdepressioun.

Leschten Update: 07.08.2019, 17:58:21

© Unsplash

D'saisonal affektiv Stéierung, am Engleschen ënnert dem "seasonal affective disorder" – kuerz SAD - bekannt, erënnert eigentlech éischter un déi och vill verbreete Wanterdepressioun. Dat naass a kaalt Wieder dréckt op d'Stëmmung an et wënscht ee sech näischt méi wéi e puer Sonnestralen – fir vill Leit ass déi Aart Depressioun éischter nozevollzéien, wéi d'Stëmmungsschwankungen am Summer.

Summer- a Wanterdepressioun sinn "seasonal affective disorder"

Bei enger SAD handelt et sech ëm eng speziell Form vun enger Depressioun an hänkt wéi den Numm et schonn undeit mat der aktueller Joreszäit zesummen. Am Wanter féiert e Manktem u Sonn, also Luucht, zu enger Depressioun an och am Summer kann et esou zu depressive Stëmmungsschwankunge kommen. Eng méiglech Ursaach kann ze vill Luucht sinn, déi eise Melatonin-Prozess aus dem Gläichgewiicht bréngt. Gëtt et däischter, gëtt eisem Kierper signaliséiert, datt et Zäit gëtt ze schlofen.

Schlofstéierunge wierke sech negativ op ganz Gesondheet aus

Well et am Summer awer vill a laang hell ass, gëtt dëse Prozess gestéiert an et kann zu Schlofstéierunge kommen. Kënnt et zu Schlofstéierungen, huet dat Konsequenzen op eis ganz Gesondheet. Doduerch kann zum Beispill de Serotonin-Spigel am Gehir reduzéiert ginn an dat kann och eng depressiv Stëmmungslag provozéieren. Och kënnen ze waarm Temperaturen deen een oder anere sech onwuel fille loossen, als géif ee souzesoen erdréckt ginn. Ass et waarm, ësst ee manner an och onreegelméisseg, wouduerch mir eis schwaach an net immens fit fillen.

Anerer sinn an der Vakanz, selwer sëtzt een um Büro

Ma och d'sozial Medie kënnen en Undeel un der Summerdepressioun hunn: D'Leit poste vill Fotoen a Videoen aus der Vakanz, selwer schafft een an dat dréckt och nees op d'Stëmmung. Wéi kann ee sech selwer hëllefen? Eraus un d'frësch Loft, reegelméisseg a gesond Iessen a probéiere genuch Schlof ze kréien. Op alle Fall soll ee sech net schummen an eng Summerdepressioun seriö huelen. Wie mierkt, datt e wärend de Summerméint depressiv Gedanken a Stëmmungsschwankungen huet, soll sech Hëllef sichen.