TechnikWëssenschaftler entwéckelen eng kënschtlech Zong

D'Technik geet mëttlerweil esou wäit, dass ee mat Hëllef vun engem Apparat Liewensmëttel schmaache kann.

07.08.2019, 18:00:26

© Pexels

Dass mir Mënschen eng ganz sensibel Zong hunn, ass gewosst. Séiss, sauer, salzeg a batter kënne mir domat schmaachen.

Wëssenschaftler vun der Universitéit zu Glasgow hunn elo eppes ganz skurrilles entwéckelt. An zwar eng kënschtlech Zong. Dëst ass e ganz klengen Apparat, dee sech d'Eegenschafte vu Gold an Aluminium ze notze mécht fir den Handel mat gefälschtem Alkohol ze bekämpfen.

Déi Apparatur soll nämlech ganz kleng Ënnerscheeder tëschent de Whiskyen erkennen. Déi Sensore sinn esou exakt, dass se souguer Differenze vum nämmlechte Whisky eraus fannen deen a verschiddene Fässer gelagert ginn ass. A souguer Ënnerscheeder tëschent engem 12, 15 oder 18 Joer ale Whisky kann een domat erkennen.

D'Maschinn soll souguer eng Genauegkeet vun iwwer 99% huet.

Den Dr. Alasdair Clark vun der Ingenieurschoul vun der Universitéit zu Glasgow, seet dass déi kënschtlech Zong och an der Liewensmëttelsecherheetsprüfung a Qualitéitskontroll kéint agesat ginn. Also iwwerall do wou eng Degustatioun nëtzlech wier.

Si sinn awer net déi éischt déi sou eng kënschtlech Zong hiergestallt hunn, mee si sinn déi éischt déi et fäerdeg bruecht hunn dass den Apparat méi Informatiounen iwwert e Geschmaach liwwert an eng nach méi schnell Äntwert liwwert. Esou den Dr. Clark

Déi ganz Fuerschung ass vun Ingenieuren a Chemiker vun der Universitéit zu Glasgow duerchgefouert ginn. D'Resultat ass eng Zong déi eventuell an Zukunft villes an der Qualitéitsprüfung vu Liewensmëttel méi einfach kéint maachen.

Lauschtert eran