Nogefrot!Eng méi héich Steier op Fleesch?

Den däitschen Déiereschutzverband huet der Bundesregierung virgeschloen eng speziell Steier op Fleesch anzeféieren. Wier dat och eng Iddi fir Lëtzebuerg?

Leschten Update: 08.08.2019, 15:14:13

© pexels

Am Moment gëllt an Däitschland d’TVA vu 7% op Fleesch. Politiker vun de Gréngen a vun der SPD fuerderen eng Steiererhéijung.

Dës Luxussteier soll d’Konditiounen an de Ställ vun den Notzdéiere verbesseren. Mam Akommes vu nëmme puer Cent méi pro Kilo, wëll een den Ëmbau vun de Ställ finanzéieren a se esou méi déiere-frëndlech maachen. Et wéilt een och d‘Baueren esou finanziell ënnerstëtzen am Ëmschwonk op méi Nohaltegkeet. Ausserdeem hofft een d’CO2-Gasen esou reduzéieren ze kënnen.

Eng Alternativ amplaz vun der Fleesch-Steier, kéint eng Erhéijung vun der TVA op Fleesch op 19 Prozent sinn.

D’Iddi fir esou eng Steier ass awer net nei. A Schweden huet een och schonn aus Klimaschutzgrënn dru geduecht, fir esou d’Bewosstsinn op d’Auswierkunge vum Klimawandel opmierksam ze maachen.

Dëse Virschlag vum Déiereschutzverband kennt awer net nëmmen Ënnerstëtzung. Et fäert een, dass d’Leit dann éischter gënschteg Produiten aus dem Ausland kafen an et kritiséiert een, dass och déi sozial Benodeelegt géife bezuele mussen.

Dernieft wëll een och de Präis vun der Mëllech an den Eeër op e puer Cent méi erhéijen.

Eldoradio huet nogefrot wat dir vun esou enger Steiererhéijung zu Lëtzebuerg géingt halen.

Lauschtert Iech d'Äntwerten un


Op wéi eng Produite géingt dir eng Steiererhéijung setzen?

 

Lauschtert Iech d'Äntwerten un