StäreschnäizenVum 10. bis 15. August, Héichpunkt den 12. August

Wien eng Stäreschnäiz gesäit, dierf sech eppes wënschen, gëtt ëmmer gesot. Ma Stäreschnäize gesäit een dëst Joer virun allem tëscht dem 10. a 15. August.

09.08.2019, 04:00:42

© pexels.com

Wéi all Joers am August freeën sech d'Frënn vun de Stäreschnäizen. Dës sinn am August nämlech gutt ze gesinn. Dëst Joer tëscht dem 10. a 15. August. Besonnesch vill wäert een der an der Nuecht vum 12. op den 13. August kënne gesinn.

Als Stäreschnäize gëtt Koméitestëbs bezeechent, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi kuerz opliicht. Së dauchen am Stärebild Perseus op a ginn dowéinst Perseide genannt. De Stëbs kënnt vum Komet 190P/Swift-Tuttle, ee groussen Äisklotz mat vill Stëbs a Gas. Op sengem Wee bei Sonn gëtt dësen erwiermt a fänkt u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hien nieft Waasser a Gas och Stëbs, deen dann um Orbit erhale bleift. All Joers am August kräizt eis Äerd dann d'Bunn vum Koméit an de Stëbs dréngt mat grousser Vitess an eis Atmosphär an, wou en duerch d'Reiwung vergléit.





Den 12. August ass vun 22h00 un eng ëffentlech Observatioun fir all begeeschterten Hobby-Astronom bei der Donatuskapell tëscht Beidler an Eeschler um Hiwwel nieft dem Waassertuerm. Organiséiert gëtt dat vun der AAL, den Amateur-Astonome vu Lëtzebuerg an dem Naturmusée. D'Konditioun ass awer ee freien Himmel mat wéineg Wolleken. Teleskope sinn op der Plaz. Et kann een awer och säin eegene matbréngen.