TimingWéini soll een den éischte Kaffi drénken?

Op de Kaffi kënne nëmmen déi mannste verzichten, mee wéini ass déi perfekt Zäit fir den éischte Kaffi um Moien?

Leschten Update: 08.08.2019, 16:27:51

© Unsplash

Den amerikanesche Fuerscher Steven Miller huet sech dat Thema wëssenschaftlech un d‘Broscht geholl a sech d‘Fro gestallt: Wéini ass de perfekte Moment fir e Kaffi ze drénken? D’Äntwert kéint bei sou munche fir Duerchernee suergen.

Kloer ass natierlech, dass et keng fest Zäit gëtt wéini een e Kaffi drénke sollt, mee de Steven ass op d‘Resultat komm dass een en net direkt nom Opstoen zou sech huele sollt mee eng gutt Stonn bis annerhallef Stonn dono. Grond dofir, ass d’Stresshormon Cortisol dat als natierlecht Opputschmëttel an eisem Kierper wierkt an domat de Stoffwiessel undreift.



Lo ass et  awer sou, dass wa ma laang genuch geschlof hunn eise Cortisolspigel automatesch héich ass. Drénke ma dann och nach e Kaffi dozou, da schéisst de Cortisolspigel ze vill an d’Luucht an et entsteet eng gewëssen Uspanung. Logesch Suitten: ze héije Bols a Bluttdrock, mir gerode vill méi séier ënner Stress a sinn am grousse Ganze méi ängschtlech. D’Kaffidrénke nom Opstoe mécht also guer net souvill Sënn wéi ma mengen.



Wie moies de gemittleche Kaffi als Opputschmëttel braucht, dee sollt en nom Fuerscher wierklech eréischt eng Stonn bis annerhallef Stonn nom Opstoen drénken, egal ob ee Moies um 5 Auer opsteet oder eréischt Mëttes um 12.

Mee si ma mol éierlech, wéi ëmmer mat den Etüde kann een se net 1 zu 1 an d'Realitéit iwwerdroen. All Mënsch ass anescht an dozou muss ee soen dass bei villen de Kaffi net nëmmen do ass fir waakreg ze gi mee virun allem als Moiesritual ka gesi ginn.