Hand op d'HäerzGläicht d'Partnerin der eegener Mamm?

Männer solle sech déi Fra eraussichen, déi hirer eegener Mamm am meeschten änelt - optesch wéi och a Punkto Charakter.

Leschten Update: 09.08.2019, 04:14:41

© Unsplash

Verschiddener wäerten elo Zeenen aus dem Film "Das Schwiegermonster" mam Jennifer Lopez an Jane Fonda virun An hunn.

D'Fonda verkierpert am Film dat perfekte Beispill vun enger Schwéiermamm, déi ee sengem gréisste Feind emol net wënsche géif.

Oder dir hutt et selwer scho vun ärem Léifsten héieren: "Hei du bass genee esou wéi meng Mamm!"



Männer wënsche sech Ähnlechkeeten

Et deet wéi, mee d'Fuerscher stinn op der Säit vun de Männer. Viru kuerzem huet e britescht Dating-Portal och dës Thees ënnerstëtzt. Déi Responsabel hunn hir Notzer gefrot, zu wéi engem Grad si sech eng Ähnlechkeet tëscht hirer Partnerin an hirer Mamm wënschen. Resultat: Zwee vun dräi Männer hunn uginn, datt si effektiv eng gewëssen Ähnlechkeet tëscht deene béide Fraen, déi hinnen am wichtegste sinn, ideal fannen. Éischte Gedanken hei? Kaum ee sicht sech geziilt eng Persoun wéi déi eege Mamm aus. Ma onbewosst geschitt dat awer wuel méi dacks, wéi een unhuele géif.

Speziell Relatioun tëscht Jong a Mamm

Wéi eng Expertin an deem Beräich an engem Interview géintiwwer dem däitsche FOCUS erkläert huet, gëtt et tëscht Jong a Mamm eng ganz speziell Relatioun. Fir vill Männer ass d'Mamm dat Wichtegst an hirem Liewen. Si orientéieren sech souwuel um Opteschen, wéi och um Charakter, zougi wëll dat keen, wat verständlech ass. Wat awer och verständlech ass: Bei der Mamm fillt ee sech doheem, deemno fille sech Männer bei Fraen, déi hirer Mamm gläichen, direkt wuel. Déi Fro, déi sech elo fir vill Frae stellt: Sinn ech wéi meng Schwéiermamm?

Op d'Schwéiermamm zougoen

Fir déi, déi gutt mat dem Mann senger zweet-wichtegster Fra am Liewen eens ginn, ass dat wuel kee Problem. Fir déi, déi sech guer net domat identifizéiere kënnen: Éierlech, et gëtt Schlëmmeres. Gëtt ee guer net mateneen eens, soll een oppe sinn an de Wëllen hunn, mateneen iwwert méiglech Problemer ze schwätzen. Schwéiermammen hunn dacks Angscht, den eegene Jong un d'Partnerin ze verléieren. Hëlt een hinnen dës Suerg, steet engem harmonesche Mateneen eigentlech näischt méi am Wee.

Lauschtert eran!