Amplaz vu PlastikIessbar Verpackunge fir Uebst a Geméis

Eng iessbar Schutzschicht suergt dofir, dass Liewensmëttel méi laang gutt sinn.

Leschten Update: 09.08.2019, 12:00:02

© Eldoradio

Manner Fleesch z'iessen a manner Mëllech ze drénken ass gutt fir d'Ëmwelt, well bei der Produktioun Energie a Waasser verbraucht gëtt a Klimagasen entstinn. Ëmweltfrëndlech ass et awer och, wann ee méiglechst wéineg Liewensmëttel ewechgeheit. D'Experte ginn dovunner aus, datt weltwäit ronn een Drëttel vun de Liewensmëttel um Wee vum Feld iwwert d'Industrie an de Verbraucher, ewechgeheit gëtt. Virun allem Uebst a Geméis landen dacks wéinst Schimmel an der Poubelle.

Vläicht géinge manner Liewensmëttel ewechgeheit ginn, wann se sech méi laang hale géingen. Déi amerikanesch Entreprise Apeel Sciences huet an deem Sënn eng Method entwéckelt, mat där Iesswueren sech méi laang halen an duerch déi och manner Verpackungsknascht entsteet. D'Wuere géingen sech bis zu 5 mol méi laang halen, heescht et vun der Entreprise.

D'Method funktionéiert sou dass z.B. Zitrusfriichten, Avocadoen oder Spargele mat enger Aart Wuessschicht iwwerzu ginn. Déi funktionéiert ähnlech wéi Schutzmechanismen an der Natur. Se suergt dofir, dass wéineg Waasser aus dem Uebst a Geméis verluer geet an dass vu baussen net vill Sauerstoff drukënnt. D'Entreprise hëlt fir d'Schicht Substanzen aus Tomateschuelen an Uebstbätz.

Dat Praktescht dorunner ass, dass een d'Schutzschicht matiesse kann. Se ass duerchsichteg, schmaacht no näischt a soll net gesondheetsschiedlech sinn. Dës Schutzschicht ass och biologesch ofbaubar, falls een se net matiesse wëll.

An den USA, a Japan an a China ass dës Method schonn zougelooss ginn. Am Juni huet dann och déi europäesch Liewensmëttelautoritéit gréng Luucht ginn, heescht et vun Apeel Sciences. Vun Oktober un, sollen deemno déi éischt, mat der neier Method verpaakten Avocadoen an Zitrusfriichten, an den europäesche Rayone leien.

Et ginn awer och aner Verpackungsideeën. Fleesch a Kéis kéint een z.B. mat enger Schicht aus Alge verpaken. An eng mexikanesch Fuerscherin schafft de Moment z.B. u Verpackungen aus Kaktussen.