Schlecht Gewunnecht8 Tipps géint Träntelen

Aufgaben ëmmer op méi spéit wëllen ze verschiben ass ons alle bekannt. Dëst kann awer an extreme Fäll schlecht fir d’Gesondheet sinn.

Leschten Update: 09.08.2019, 15:40:36

© Pexels

Wéi kënnt een aus dëser Gewunnecht, alles eréischt méi spéit wëllen ze erleedegen erëm eraus? Hei sinn e puer Tipps!


Konzentréiert iech op déi positiv Säite vun der Aufgab

Dacks verréckele mir eis Aarbecht, well mir fäerten ze scheiteren an eiser Aufgab net gewuess ze sinn.

Wann een awer ëmmer erëm seng Aufgaben op méi spéit verdeelt, kënnt een a Stress an et geréit een esou an en éiwegen Däiwelskrees. Duerch den Zäitmangel huet een dann nach méi Angscht ze versoen an et panikéiert een.

Mee denkt drun: Och wann een an enger Aufgab vläicht eng Kéier scheitert, kann een doraus Erfarunge sammelen an aus de Feeler léieren!

 

Keng Excuse hëlleft

Mir kennen dës Excusen dach all "Ech sinn haut net an der Stëmmung" an "Muer hunn ech méi Zäit". Mee sidd éierlech mat iech selwer: Dës Excusë gëllen net wierklech, well dir de nächsten Dag erëm déi selwecht wäert benotzen. Sech selwer positiv Wieder zouzeschwätze kann hëllefen sech selwer ze encouragéieren.

 

Maacht een Zäitplang a bereet iech vir

Sech en Ziel ze setze verschidden Aufgaben an engem bestëmmten Zäitraum ze erleedegen, ass motivéierend. Maacht an der Organisatioun och ee kloren Ënnerscheed tëschent Fräizäit an Aarbecht. 

 

Setzt iech en Zil a belount iech selwer

Fir motivéiert ze ginn, kann ee sech no enger schwéierer Aarbecht selwer belounen.  

 

Sidd realistesch andeems wat dir iech virhuelt

Vill Leit tendéieren dozou sech virzemaachen, dass een an Zukunft méi Zäit hätt an een da méi schaffe kéint. Probéiert awer wierklech eng realistesch Vue vun de Saachen ze hunn a genuch Zäit anzeplangen an net ze mengen, dass een op eemol zum Superheld ka ginn.

 

Sidd net ze streng mat iech selwer

Och wann et eigentlech kontraproduktiv kléngt, et bréngt näischt ze streng mat sech selwer ze sinn. Wann dir eng Kéier wierklech eppes op méi spéit verschiibt a rose mat iech selwer sidd, da probéiert iech ze verzeien an iech selwer ze soen, dass et nächst Kéier besser geet. Negativ Gefiller bréngen näischt.

 

Schafft mat engem Partner zesummen

Team-Aarbecht kann hëllefen sech géigesäiteg ze encouragéieren an d’Aarbecht mécht esou sécherlech och méi Spaass.

 

Schafft am richtegen Ëmfeld

Op der passender Plaz ze schaffen hëlleft méi produktiv ze sinn. Den Handy oder soss aner Saachen, déi iech oflenke kéinte fort ze leeën, hëlleft natierlech och.

Lauschtert iech hei d'Reportage un: