Roude KappWouhier kënnt de roude Kapp iwwerhaapt?

Wann ee Sport mécht geet ee ganz gär mol iwwer seng Grenzen. E Klassiker fir Ustrengungen ass natierlech de berühmte roude Kapp, mee vu wou kënnt deen?

Leschten Update: 09.08.2019, 16:38:21

© pexels.com

Et ass kloer, dass wa ma eis vill ustrengen an eise Kierper sportlech betätegen, d’Duerchbluddung ugereegt gëtt. An eisem Kierper gëtt duerch déi Beweegungen, déi mir ausféieren nach méi Wäermt produzéiert wéi normalerweis.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi besser Duerchbluddung, déi een nach dozou kritt, wandert als sougenannten "Flush" duerch eise Kierper a kënnt dann un d’Uewerfläch vun der Haut, op där d’Ofkillung oder besser gesot eise Schweess optrëtt. Kloer siichtbar gëtt elo déi rout Faarf an eisem Gesiicht, déi iwwert déi kleng Bluttgefäässer kënnt. Duerch d'Ustrengung ginn dës méi grouss an dat suergt dofir, dass eist Gesiicht knallrout gëtt. Vill Leit ginn am Verglach zu aneren extrem séier rout, an dat och scho bei manner ustrengenden Übungen. Dat muss net direkt heeschen, dass eppes net an der Rei mat engem ass, mee et kann ënnerschiddlech Grënn hunn.

Beispillsweis läit et dacks dorun, dass muncher am Gesiicht méi kléng Bluttgefäässer hu wéi anerer. Extrem rout Gesiichter kënnen awer och Unzeeche fir eng méiglech Krankheet sinn. Wann e Gesiicht dauernd rout bleift, kann dat och en Unzeeche fir d’Couperose oder d’Rosacea sinn, zwou harmlos, mee chronesch Hauterkrankungen. Bei der Couperose ass et sou, dass ee méi grouss Bluttgefäässer huet a soumat rout Oderen op de Baken a ronderëm d’Nues optrieden. Bei der Rosacea sinn d’Bluttgefäässer net nëmmen am Gesiicht mee och op der ganzer Haut grondsätzlech méi grouss. Bei dëser Hautkrankheet ass et sou, dass een net nëmme beim Sport rout gëtt, mee och beim Alkohol an der Wiermt, d’Duerchbluddung nach méi gefuerdert gëtt wéi normal.