
© Screenshot YouTube
Musek verpak a Spiller ass wuel eent vun de beschte Beispiller fir déi gutt Zort Ouerwuerm. Anescht wéi regulär Musek oder Film-Soundtracks, héiert ee Musek a Spiller heiansdo stonnelaang ouni dass et nerveg oder langweileg gëtt.
Aus deem Grond bleiwen déi wierklech gutt Soundtracks engem dann ëmsou besser am Kapp hänken.
Dat geet vun absolute Klassiker bis zu coolen neie Lidder a méi rezente Spiller.
Videospill-Musek begrenzt sech natierlech net nëmmen op d’16-Bit Midi Format. Battlefield oder Halo zum Beispill si wuel etabléiert Marke mat epeschem Soundtrack.
Wa mer vu Musek a Spiller schwätzen, dierfe Soundtracks aus Japan op kee Fall ignoréiert ginn. Dat geet vun opwännegen Orchester-Lidder wéi Kingdom Hearts bis zu exzentrescher Jazz Music wéi a Persona 5.
Mat dëse Beispiller hunn ech am Endeffekt nëmmen un der Uewerfläch gekraazt vun deem wat Musek a Spiller ze bidden huet. Wann der deemnächst also um Zocke sidd, lauschtert méi intensiv no. Villäicht fannt dir jo en neit Liiblingslidd.
Lauschtert Iech hei de Reportage un