KlimawandelWeltklimarot: "Esou kann et net weidergoen"

Aus dem spezielle Rapport vum Weltklimarot geet eng Noriicht kloer ervir: Et muss séier eppes geschéien, éier et ze spéit ass.

Leschten Update: 09.08.2019, 15:29:15

© Pexels

Hëtztwellen, Dréchenten a schro Onwiederen – an Zukunft sollen dës Phenomener ëmmer méi zur Normalitéit ginn. Wat Hëtzt ugeet, krute mer dëse Summer schonn e Virgeschmaach an et gouf en neien Temperaturrekord och hei zu Lëtzebuerg gemooss.

Lauschtert eran!

De Weltklimarot IPCC huet en Donneschden e spezielle Rapport erausginn, deen déi dramatesch Folge vun der Äerderwiermung opweist. D'Zil, d'Erwiermung op däitlech ënner zwee Grad ze limitéieren, wéi dat och am Paräisser Klimaofkommes festgehale gouf, ka praktesch net méi an d'Realitéit ëmgesat ginn. Aktuell ass een iwwert de Landfläche bei enger duerchschnëttlecher Hausse vun 1,53 Grad ukomm, ouni d'Temperatur-Erhéijung vun de Mierer mat anzerechnen. Aus dem Rapport geet eng entspriechend Warnung ervir.

Sollt een déi 2-Grad-Mark iwwerschreiden, hätt dat gravéierend Folge fir d'Liewensgrondlag vu bis zu 500 Millioune Mënsche weltwäit: De Manktem u Waasser ass just een dramatesche Problem. De Generalsekretär vun der UNO, den Antionio Guterres huet drop higewisen, datt ee méi séier misst handelen – virun engem Joer. Wat ee bei extreme Wiederphenomer net direkt bedenkt, op wat de Klimarot elo op en Neits opmierksam gemaach huet: A Punkto Landnotzung muss sech radikal eppes änneren.

Duerch Dréchenten an uerg Reeschaueren si weltwäit Produktioun a Gefor. D'weltwäit Populatioun wiisst, deemno musse méi Leit ernäert ginn, obwuel et d'Offer ëmmer manner gëtt. Hei ass eng logesch Konsequenz, datt méi Terrain fir d'Produite prett gemaach muss ginn, wat méi CO2-Emissioune provozéiert. Duerch e bewossten an nohaltegen Ëmgang an der Landwirtschaft kéint e groussen Undeel un Zäregaser agedämmt ginn. D'Fuerscher fuerderen e radikaalt Ëmdenken, well – wéi sou dacks scho präziséiert ginn ass: Esou kann et net weidergoen!