Partnerschaft & JobFriemgänger sinn och op der Aarbecht net éierlech

An enger Bezéiung ass friemgoen en Nogo. Dat onéierlecht Verhalen projezéiert sech awer och op den Alldag.

09.08.2019, 16:00:05

© pexels

Et léiert een e neie Mënsch kënnen, et täuscht een d'Nummeren aus a bemol geet et fex, een Date kënnt op dat anert. Lues a lues spiert een e Kribbele wann een déi Persoun gesäit a spéitstens da weess een dass do Gefiller am Spill sinn. A wann deen aneren dat och esou empfënnt, da kann et mol schnell goen an et ass een an enger glécklecher Bezéiung. Et ass alles schéin an alles perfekt bis op eemol d'Noriicht kënnt dass déi Persoun engem friem gaangen ass.

D'Welt brécht verständlecher weis zesummen. Ma enger Etüd aus Texas vun der Universitéit zu Austin no, wierkt sech d'Friemgoen an der Bezéiung och negativ op de beruffleche Moralkodex aus.

Fir d'Etüd hunn d'Fuerscher Leit aus verschiddene Beruffer erausgesicht, déi en Internetportal fir Säite-Spréng notzen. Insgesamt hu se sech op 11'235 Mënsche konzentréiert. D'Fuerscher hunn d'Donnéeë vun deenen déi op der Aarbecht e Feelverhalen un den Dag geluecht hunn, mat Persoune vum nämmlechten Alter, Geschlecht an ähnlechen Erfarunge verglach, déi keng komme gelooss hunn. Sou sinn d'Fuerscher da ganz schnell zu der Schlussfolgerung komm, dass Leit déi am Beruff negativ opfalen, méi dacks op sou Säite-Sprong Portaler ënnerwee sinn.

Kuerz gesot kann e behaapten dass Mënschen déi an hirem private Liewe keng éierlech sinn et och net an hirem Beruff sinn.

Fir alleguer déi Leit de Chef vun engem Betrib sinn. Probéiert emol eraus ze fannen ob är Aarbechter d'Tendenz hunn friem ze goen. Sou hutt der scho mol e klengen Indice drop wéi éierlech är Leit wierklech sinn.

 

Lauschtert iech hei de Reportage un:

Links