Wann den Hond stierftTrauer dacks sou grouss wéi beim Verloscht vun engem Mënsch

Vill Mënschen, déi hiren Hond verléieren, si genee sou traureg wéi beim Dout vun engem Frënd. Wëssenschaftler hunn sech elo domat beschäftegt.

Leschten Update: 12.08.2019, 09:53:12

© KELLY BENSTON/AFP/Kelly BENSTON

Den eegenen Hond ze verléiere ka grad sou schlëmm si wéi ee wichtege Mënsch am Liewen. Dat geet aus enger Etüd ervir déi am "Official Journal of the Human behavior and Evolution Study" publizéiert gouf.

Eist Gehir interpretéiert béid Evenementer op di selwecht Aart a Weis. An anere Wierder: eise Kierper produzéiert di selwecht Hormoner wa mir eng Bezéiung mat engem Hond opbaue wéi mat engem Mënsch. Aus deem Grond gehéiert een Hond normalerweis och grad sou zur Famill wéi déi aner Memberen. Et sinn di selwecht chemesch Prozesser déi oflafe wéi wann ee mat engem richtege Familljemember schwätzt.

De Problem ass awer: Wann den eegenen Hond stierft, kann een net op di selwecht Aart a Weis traueren. Wann ee Mënsch eis verléisst, kann een eng Therapie maachen, an et huet een d’Ënnerstëtzung vu Frënn a Famill. Wann den Hond stierft, muss ee weider liewe wéi wann näischt wier, dat ass wat di aner Leit vun engem erwaarden. Et kann ee keng wichteg Evenementer ofsoen oder op der Aarbecht méi lues maachen, well fir di aner Leit ass de Verloscht vun engem Hausdéier näischt, wouwéinst et derwäert ass ze traueren.

Wann een Hausdéier stierft, verléiert een net just een Déier, et verléiert een dat gutt Gefill dat hir Presenz engem ginn huet. Et héiert ee kee méi an der Wunneng ronderëm lafen an et ass kee méi do dee waart fir spadséieren ze goen. Doriwwer eraus ginn d’Hënn engem eng bedéngungslos Léift déi ee kaum bei de Mënsche fënnt.

Fazit: Et ass absolut normal ëm säin Hond ze traueren. A wann aner Leit dat net verstinn, da kann een hinne soen, dass des Trauer wëssenschaftlech approuvéiert ass.