London CallingBBC Proms 2019

De gréisste Festival vu klassescher Musek ass de Moment hei zu London.

Leschten Update: 13.08.2019, 09:31:01

© pixabay.com

A punkto klassesch Musek kuckt ganz Europa am Moment op déi britesch Haaptstad. Hei ass nämlech wéi all Joer de Summer iwwer de gréisste klassesche Museksfestival op der Welt, nämlech d’BBC Proms. Zënter Mëtt Juli an nach bis de 14. September ginn et an der weltbekannter Royal Albert Hall am Südweste vu London all Dag iwwer eng sëlleche Concerte ugebueden, vu Filmmusek vum Hans Zimmer, bis hin zu de grousse Klassiker vum Mahler, Schubert an natierlech och dem Edward Elgar.

Lauschtert hei de Reportage:


Besonnesch bekannt ass virun allem d’Last Night of the Proms, den offiziellen Ofschlossconcert vum Festival. Net nëmmen ass dëst kee gewéinleche Concert, well déi läscht puer Lidder all Joer ganz traditionell déi nämmlecht musse sinn, mee et ass och guer net esou einfach fir un Ticketen ze kommen. Et muss een nämlech fir d’éischt emol opmannst 5 Proms Concerten de Summer iwwer besicht hunn ier een un enger Lotterie deelhuelen däerf, bei der een, wann ee Chance huet, d’Méiglechkeet kritt Ticketen ze kafen.

© pixabay.com

All Concert huet dann och eng limitéiert Unzuel u Stéiplatzen déi een net am Viraus kafe kann. Fir ee vun dësen Ticketen ze kréien, campen d’Leit dacks schonn Deeg am Viraus virun der Royal Albert Hall, wat ee jo net onbedéngt vun klassesche Concerte gewinnt ass. Wien da leider keen Ticket méi kritt, dee kann sech de Spektakel och op der BBC ukucken. Do gëtt nämlech och e Groussdeel vun de Concerten iwwerdroen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter