Galaktesch PremièreDJ-Set gëtt vum Weltraum aus op d'Äerd gestreamt

Den Italiener an Astronaut Luca Parmitano soll Geschicht schreiwen an den éischten DJ-Set am Weltall spillen.

Leschten Update: 12.08.2019, 05:36:37

© Pexels

Den 21. Juli 1969 war et esou wäit. Mam Neil Armstrong huet deemools deen éischte Mënsch e Fouss op de Mound gesat. Fir dat ze feiere gëtt elo, e bësse méi wéi 50 Joer duerno, nees Weltraum-Geschicht geschriwwen. Fir déi alleréischte Kéier soll en DJ-Set live aus dem Weltall iwwerdroe ginn, dat den 13. August.

Op déi speziell Iddi sinn déi Responsabel vum BigCityBeats World Club Dome, engem bekannten EDM-Festival an Däitschland, komm. Schonn déi lescht Editioun ugangs Juni stoung ënnert dem Motto „Space“, also Weltraum. Passend bei dat 50. Jubiläum vun der éischter Moundlandung. 

Ma elo steet e weidert Event vum nämmlechten Organisateur un, an zwar eng speziell Editioun op engem Croisièresschëff. Déi ronn 2500 Visiteure kréien dann duerch eng Satellitte-Verbindung mat der ISS galaktesche Sound direkt a live aus dem Weltall geliwwert.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Well een awer net mol sou einfach aus engem DJ en Astronaut maache kann, gouf de Spiiss ëmgedréint. De Luca Parmitano, Astronaut bei der Europäescher Weltraumorganisatioun, krut schonn am Januar vum däitschen DJ „Le Shuuk“ bäibruecht, wéi ee mam Mëschpult ëmgeet. 

Do uewen ass den neien ISS-Kommandant a passionéierten Elektro-Fan schonn. Den 20. Juli gouf hie mat senger Crew an enger Sojus-Rakéit mat 26 Millioune PS an d’Weltall geschoss. 

E klénge Schrëtt fir en Astronaut, dofir awer e grousse fir en DJ. Op DJ-Sets aus dem Weltraum sech etabléiere wäerten, steet awer nach an de Stären.