Weltjugenddag170.000 Jonker ënner 25 Joer zu Lëtzebuerg

Am Kader vum internationalen Dag vun der Jugend, deen den 12. August ass, huet de Statec aktuell Zuele publizéiert iwwert déi Jonk hei zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 12.08.2019, 12:05:02

© pexels.com

Zu Lëtzebuerg liewen aktuell ronn 170.000 Jonker ënner 25 Joer. Dat entsprécht ronn 28 Prozent vun der gesamter Populatioun. Ronn 56 Prozent vun de Jonken hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit. D’Zuel vun de männleche Jonken ass da liicht méi héich wéi d’Zuel vun de weibleche Jonken. Riets ass vun 51 Prozent Männer.   

Wéi de Statec schreift, géifen sech ëmmer manner Jonker bestueden. Vun de ronn 1.900 Persounen, déi sech d'lescht Joer bestuet hunn, waren 247 ënnert 25 Joer al.

Jonk Fraen ënner 25 Joer ginn da manner dacks Mamm. Vun de ronn 6.300 Gebuerte war a 505 Fäll d'Mamm méi jonk wéi 25. Hei stellt ee fest, dass ëmmer méi Fraen, méi spéit Kanner kréien. Waren am Joer 2000 nach 17 Prozent vun de Mammen ënnert 25 Joer al, sinn et 2018 just nach 8 Prozent gewiescht.

Wat elo d’Aarbechtswelt an de Chômage betrëfft do hu 4,7 Prozent vun de Jonken tëscht 15 a 24 Joer Problemer eng Aarbechtsplaz ze fannen a sinn am Chômage. Den Taux läit liicht iwwert deem vun de 25 bis 54 Järegen. Ronn 28 Prozent vun de Jonken hunn eng Aarbecht. Zwee Drëttel si grad an enger Ausbildung oder an der Schoul.

A punkto Fëmmen an Alkohol drénken, do wieren et ronn 24 Prozent vun de Jonken tëscht 16 a 24 Joer déi fëmmen, ronn 20 Prozent vun hinne fëmmen all Dag a knapp 3 Prozent just heiansdo. Een Drëttel vun de Jonken drénkt dann e puer Mol an der Woch Alkohol.

De Statec huet och gekuckt wéi et mam Wuelbefanne vun de Jonken ass. Deemno soten 9 vun 10 Persounen tëscht 16 a 24 Joer, dat si zefridde mat hirem Liewe sinn. Si wiere méi zefridde mat der Zäit déi si fir Hobbyen hunn, wéi déi iwwer 25 Joer.

Links