Neien TrendWäin aus der Dous - Jo oder Nee?

A ville Länner huet d’Gedrénksbéchs éischter een negativen Image a gëtt als bëlleg ugesinn. Ma an den USA feiert de Wäin aus der Dous ëmmer méi Erfolleg.

13.08.2019, 08:01:51

© pexels

Wat fir vill europäesch Wäindrénker en No Go wier, gëtt an den USA ëmmer méi beléift: Wäin aus der Béchs drénken.  

Besonnesch am Summer leeft de Verkaf gutt, well et sech bei dësen Zorte virun allem ëm déi sougenannte “Terrassen-Wäiner” handelt. Wäiner, déi wärend enger Zäit musse gelagert ginn, kommen net an d’Dous, wëll déi géinge sech just zwee Joer halen. Am beschte gëeegent ass liichten, wäisse Wäin respektiv Rosé.

An den USA verkeeft sech dëst Dousegedrénks virun allem bei de Jonken, déi se mat op d’Plage huelen. D’Glasfläsche sinn hei net erlaabt, dofir bitt sech Alkohol aus der Béchs natierlech un.

Mee och bei aner Ausflich, Picknicks oder Partye gëtt d’Béchs agepaakt.

De britesche Sender BBC huet de Wäin aus der Dous esouguer a seng Lëscht fir d’Food-Trends 2019 opgeholl.

Am däitschen Eenzelhandel an och an anere villen europäesche Länner ass een awer nach net vun dësem neien Hype aus de Staaten iwwerzeegt an de Béchse-Wäin gëllt éischter als “Tankstellegesëffs”. An Osteuropa an Asien klëmmt den Interessi awer ëmmer weider. Wéi gutt sech d’Dous duerchsetzt, hänkt awer vun der “Drénk-Kultur” vun all Land of.

Verschidde Wënzerbetriber an Europa exportéieren awer schonn hire Béchse-Wäin an d’USA a mengen, dass sech dëst néit Lifestyle-Gedrénks och bei eis kéint etabléieren. Si argumentéieren, dass d’Material vun der Béchs ëmmer besser géing ginn.

Ob den Douse-Wäin dem klassesche Wäin aus der Fläsch wuel wierklech ka Konkurrenz maachen? Déi klassesch Wäindrénker géife sech sécherlech schwéier domat dinn op d’Béchs ëmzeklammen, well si dat Zeremoniellt an dat Feierlecht beim Wäin opmaache wahrscheinlech géife vermëssen. Ob déi Traditioun a Gewunnecht wuel mam neie Béchse-Wäin ännert? 

Lauschtert iech hei d'Reportage un: