„Siri“ a Co. Keng Oflauschteraktiounen zu Lëtzebuerg

Eng 300 Iwwerwaachungsmesure ginn an der Moyenne all Joer zu Lëtzebuerg ordonnéiert. Bis elo goufen awer nach keng Sproochassistenten ausgewäert.

Leschten Update: 12.08.2019, 13:38:31

© Pixabay

Ëmmer méi huele Sproochassistente wéi „Siri“, „Alexa“ a Co. eng Plaz an eisem Liewen an, fir eis esou eist Liewen ze vereinfachen. Ma dofir mussen d'Geräter alles ophuelen an esou ass et net verwonnerlech, dass een sech an deem Sënn muss Gedanken iwwer de Schutz vu senger Privatsphäre maachen, et stellt een sech jo quasi e Gerät fir ofzelauschtere matzen a seng eege véier Wänn. Hätt do en aneren drop Zougrëff, da kéint dee jo theoretesch alles oflauschteren, ouni sech dofir musse grouss unzestrengen. An dës Méiglechkeet war och Thema vun enger rezenter parlamentarescher Fro

Keng Sproochassistenten ofgelauschtert

Goufe bis ewell am Kader vun Ermëttlunge vun der Police zu Lëtzebuerg Date vu Sproochassistenten ausgewäert, wéi dacks gëtt iwwerhaapt ofgelauschtert a goufen Demanden un d'Operateure gemaach fir Daten, déi opgeholl goufen ze kréien. Dat wollt den Deputéierte Sven Clement vun de Ministere François Bausch a Félix Braz wëssen.

Bis ewell wieren nach keng Sproochassistente wéi z.B. „Siri“ oder „Alexa“ ofgelauschtert ginn, esou d'Äntwert vu béide Ministeren. Dëst wier dem Strofgesetz no och nëmmen ënnert spezielle Konditiounen erlaabt, déi am Artikel 88-2 festgehale sinn an d'Oflauschtere misst vun engem Untersuchungsriichter ordonnéiert ginn.

Nëmmen ënnert spezielle Konditiounen erlaabt

Ënnert deene Konditioune sinn z.B. Verbrieche géint d'Staatssécherheet, terroristesch Akten an de Finanzement vun Terrorismus. Weider och wann d'Faiten d'Persoun, déi soll ofgelauschtert ginn, suspekt maachen, d'Verbrieche begaangen oder drun deel geholl ze hunn oder wann d'Persoun relevant Informatioune kritt oder iwwermëttelt. An da kann och e Grond sinn, dass déi normal Ermëttlungsmethoden net méi duerginn.

An der Moyenne ronn 300 Iwwerwaachungsmesuren d'Joer

Och wann d'Legislatioun zu Lëtzebuerg allgemeng d'Saisie vun esou Geräter an deenen hir Auswäertung géif zouloossen, hätt d'Police bis ewell awer nach kee Sproochenassistent matgeholl oder Daten, déi dorop sinn ausgewäert.

An et wier bis elo och nach keng Demande un d'Operateure vun de Cloud-Déngschter gemaach ginn, fir Daten ze saiséieren.

Iwwerdeems géifen awer duerchaus emol Telefonen an Datentransfer iwwer Web-Serveren ofgelauschtert ginn, ronn 300 esou Aktioune géifen d'Untersuchungsriichter an der Moyenne d'Joer am Kader vun nationalen an internationalen Ermëttlungen ordonnéieren.

Links