JetlagWéi kann ech den Jetlag ëmgoen?

E kënnt aus dem Näischt a mir leide bal alleguer drënner wa mer wäit fort fléien, mee wéi kënne ma dem Jetlag aus dem Wee goen?

Leschten Update: 12.08.2019, 17:04:51

© pexels.com

Huele ma un et flitt ee bis an Australien. Voller Euphorie geet et an de Fliger, et ass een iwwert en Dag ënnerwee an da schléift een an. E risen Jetlag ass d'Konsequenz an et wëll ee nëmme nach an d'Bett. Klenge Problem bei der Saach, et ass nach net emol Owend an et kann een dach net an der Vakanz de ganzen éischten Dag verschlofen. Keen Thema: Sou en Jetlag ass ze ëmgoen, oder soe ma mol esou, wéinstens e bëssen.

 
Tipp 1: Trainéiert doheem

Et ass logesch, dass wa ma an den Oste fléien den Dag méi kuerz gëtt, an ëmgedréint fir de Westen. Dowéinst gitt einfach wann et a Richtung Oste geet doheem e bësse méi fréi schlofen a bléift fir de Weste méi laang op. Fir Léit, déi aus beruffleche Grënn dacks mat engem Jetlag liewe mussen, huelt et och roueg als klengen Training a passt äre Schlof un. Hei gëllt d'Spréchwuert: "Übung macht den Meister"!


Tipp 2: Verzicht op den Alkohol

Am Fliger gëtt dem Kierper extrem vill Flëssegkeet entzunn, wat midd mécht. Dowéinst ass et ganz wichteg während dem Fléie vill Waasser ze drénken. An och wann ee mengt dass e Glas Routwäin beim aschlofen hëlleft, ass dat nëmme fir kuerz Dauer an de Kierper dréchent nach méi aus.


Tipp 3: Huelt iech den éischten Dag näischt fir

Schalt déi éischt Deeg e Gang zeréck an huelt iech net ze vill fir. Gewinnt iech e bëssen un dat neit Ëmfeld a virun allem un d'Zäitzon. E laange Fluch kascht eis vill Kraaft an zemools wann ee vun der Keelt an d Wiermt flitt, sollt een déi éischt zwee Deeg eventuell e bëssen um Pool verbréngen a just relaxen.


Tipp 4: Stellt d’Auer direkt ëm

Stellt virum Fliger oder am Fliger d’Auer scho sou wéi se an der Zäitzone vun der d’Vakanz ass. Dir kommt iergendwann un a kritt kee mega Schock wann der d’Zäit em 3 Stonne réckele misst a realiséiert wéi frei oder spéit et ass.


Tipp 5: Huelt op kee Fall Schlofmëttel

Schlofmëttel bréngen ären Organismus nëmme nach méi duercherneen. Huelt Schlofaccessoire wéi eng Aamask oder e klengt Fligerkësse mat, dat geet dacks schonn duer.



An deem Sënn, vill Gléck beim ausprobéieren a gudde Fluch.

Lauschtert hei de ganze Reportage: