Nerveg VigelWéi evitéieren ech, datt eng Méiw mäin Iesse klaut?

Eng Sekonn net opgepasst an Zack huet eng Méiw äert Iesse geklaut! Fuerscher wëllen eng Method erausfonnt hunn, wéi een dat evitéiere kann.

Leschten Update: 12.08.2019, 15:59:31

© Pexels

Dir sëtzt op der Plage, de Sandwich an där enger, d'Gedrénks an där anerer Hand a freet iech op d'Mëttegiessen. Eng Sekonn net opgepasst an Zack huet eng Méiw äert Iesse geklaut! Wéi een dat einfach evitéiere kann, wëllen elo Fuerscher aus Groussbritannien erausfonnt hunn. Kuckt een d'Méiwen intensiv an d'Aen, brauch der net ze fäerten, no der Plage hongereg heem ze goen. Klengt skurril, soll awer klappen, wann een dem Resultat vun der Etüd gleewe wëll.

Lauschtert eran!

U Küstestied bei Cornwall ass an engem Experiment getest, ob d'Méiwen direkt nom Iesse schnapen, wa kee Mënsch hinnen nogekuckt an och wéi vill Vigel sech op d'Juegd maachen, wann een hinnen nokuckt. Dat Ganzt ass och mat engem Video dokumentéiert ginn. D'Fuerscher hunn als Köder eng Portioun Fritten opgestallt, dat zesumme mat enger Wëssenschaftler, déi an den Huppen nieft de Fritten op d'Méiw waart. Entweder huet si d'Déier intensiv fokusséiert oder iwwerhaapt net ugekuckt.

Resultat hei: Wann een se ukuckt waarden d'Méiwen am Schnëtt knapps 21 Sekonnen, bis se probéieren d'Iessen ze klauen - wann ee se awer richteg fixéiert, loossen se et ganz sinn. D'Déier leeft hin an hier, traut sech awer net esou richteg, d'Fritten ze klauen. Festgehale gouf, datt 64% vun de 74 Méiwen de Fritte bannent 5 Minutten net ee Millimeter méi no komm sinn. D'Déiere reagéieren domat verstäerkt op eist Verhalen.

Ma net all Méiw reagéiert d'nämmlecht: 74% sollen deemno iwwerhaapt net probéiert hunn, un d'Fritten ze goen – egal ob een se fixéiert huet oder net. Dogéint war et gutt all drëtt Méiw, déi den Test-Fritte méi no komm sinn, wa guer kee gekuckt huet, 26% wann se fixéiert goufen. Fazit vum éischter skurrillen Experiment: Wien net wëll, datt seng Fritte vun enger Méiw geklaut ginn, sollt sech éischter op de Vugel fixéieren, an net op säin Iessen.