Partydrog LaachgasAmsterdam fuerdert Verkafsverbuet

Legal, bëlleg an net ongeféierlech: Laachgas gëllt als Drog mat ville Virzich. An Holland huet d'Consommatioun zougeholl.

Leschten Update: 13.08.2019, 14:14:51

© JACK TAYLOR / AFP

An Europa gëtt Laachgas als bëlleg Partydrog ëmmer méi beléift. Virun allem an Holland wiisst den Handel mat der legaler Substanz. E puer hollännesch Stied wéi Amsterdam an Utrecht fuerderen deemno e Verkafs-Verbuet vu Laachgas-Kartuschen. Dat well d’Zuel vu de Vergëftungen duerch Laachgas drastesch an d’Luucht gaangen ass, esou steet et am aktuelle Rapport vum nationalen Informatiounszenter iwwer Vergëftungen zu Utrecht.

Goufen et 2015 nach 13 Fäll, sinn an den éischte Méint vun 2019 well 67 Fäll mat Gesondheetsschiet gemellt ginn. Vu Schwindel-Ufäll, Iwwelzegkeet bis hin zu Lämungserscheinungen. Deemno hätt all fënnefte Jugendlechen tëscht 20 a 24 Joer schonn ee mol Laachgas inhaléiert. Bei den 13 bis 16-järege wier et all Zéngten

D’Inhaléiere vu Laachgas, z.B. aus engem Loftballon huet just eng kuerz Wierkung. Riets ass vun 30 Sekonne bis héchstens e puer Minutten. Eng Iwwerdoséierung ka geféierlech ginn an am Extremfall zum Dout féieren. A Kombinatioun mat Alkohol oder aneren Drogen a virun allem bei engem reegelméissege Konsum kann de Gas zu permanente Schied am zentralen Nervesystem féieren.

Wéi vill Leit hei zu Lëtzebuerg Laachgas konsuméieren, doriwwer ginn et keng representativ Zuelen. Dat hat virun 10 Méint déi fréier Gesondheetsministesch Lydia Mutsch op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas geäntwert. No Informatioune vun Organisatiounen, déi am Beräich vun der Drogepräventioun schaffen, wier dëst Phänomen zu Lëtzebuerg éischter marginal.

Laachgas gëtt vum Gesetz net als Drog agestuuft. Seng genee Wierkung ass net gekläert. Trotzdeem gehéiert en zu deene Stoffer, vun deenen z.B. de Centre de préventions des toxicomanies warnt.

Links