Am TrendFirwat ass Meditéieren esou beléift?

Meditatioun ass zënter enger Zäit elo schonn am Trend an huet sech zu engem regelrechten Hype entwéckelt: Mee wat bréngt dës Entspanungsmethod iwwerhaapt?

16.08.2019, 08:00:56

© pexels

Den Hype ëm d’Meditéiere wiisst ëmmer méi zanter e puer Joer. Mee ëm wat geet et eigentlech a wat bréngt dës nei Liewensphilosophie wierklech?

Wat ass Meditatioun iwwerhaapt?

Eigentlech gëtt et keng reng Definitioun fir Meditatioun, well et verschidden Zorte ginn: Meditatioun a Beweegung, am Sëtzen an am normalen Alldag. Hei geet et ëm verschidden Entspanungsmethoden, dat heescht, et üübt ee seng Konzentratiounsfäegkeet auszebauen. Och wann d‘Meditéieren ee reliéisen Ursprong huet, kann et onofhängeg dovunner praktizéiert ginn. D’Zil ass et, sech mat sech selwer auserneen ze setzen an op déi ënnerlech Gefiller anzegoen.

Meditatioun suergt fir Rou am Kapp

De Geescht vun de Mënschen ass a permanenter Beweegung a kënnt schwéier zur Rou. Owes fält et dacks ville Leit schwéier anzeschlofen, sou dass d’Meditatioun eng Léisung ka sinn. Meditéieren ënnerstëtzt de Stressofbau an entspaant de ganze Kierper, well ee sech just op eng Beweegung oder op d’Ootmung konzentréiere muss.

Konzentratioun an d’Bewosstsinn stäerken

De Geescht gëtt trainéiert bei der Saach ze bleiwen a sech net oflenken ze loossen. Alles wat zielt, ass „de Moment selwer“. Ausserdeem léiert een duerch Meditatioun besser mat senge Gedanken a Gefiller ëmzegoen a se méi bewosst ze spieren.

Meditatioun ka Péng reduzéieren

Meditatiounsübunge gi bei verschidde Behandlungen a chroneschen Erkrankungen agesat. Hei geet et net dorëms d’Péng auszeschalten, mee éischter déi eegen Astellung dozou ze veränneren an ze léieren anescht mam Péng ëmzegoen.

Meditatioun schützt géint Stresskrankheeten an hëlleft Bluthéichdrock a Migränen ze reduzéieren. Och an der Demenzfuerschung spillt d’Meditatioun eng Roll: Studien hu bewisen, dass d‘Gehir am Schnatt 7,5 Joer méi jonk vu Leit ass, déi meditéieren, wéi vun deenen, déi dës Entspanungsmethod net praktizéieren. Wat d’Gehir méi al geschätzt gëtt, wat ee méi ufälleg ass fir un Demenz ze erkranken.

Ze meditéieren heescht awer net onbedéngt nëmme roueg ronderëm ze setzen an op d’Ootmung ze lauschteren. Och beim Spadséiere  oder Jogge goen, kënne verschidde Leit an ee meditativen Zoustand geroden. Et muss ee just déi passend Method fir sech selwer fannen.

Wann dir elo op de Goût komm sidd, dann ass et am einfachste mat engem Cours unzefänken, well een do mat aneren zesummen d’Basics léiert. Och Online-Programmer bidde flott Alternativen un.

Lauschtert iech hei d'Reportage un: