Symptomer gi reduzéiertSport soll bei Péng wéi Medikamenter hëllefen

Sport hält eis net just fit, mee soll och verschidde Symptomer a gréisser Péng reduzéieren.

Leschten Update: 13.08.2019, 23:03:28

© Pexels

Net just mat Medikamenter kënne Kappwéi, Réckwéi oder soss kierperlech Péng reduzéiert ginn, och Sport soll hëllefen – dat soe Yale- an Oxford-Wëssenschaftler. Si hunn zejoert d'Date vu méi wéi 1,2 Milliounen US-Amerikaner ënnert d'Lupp geholl an analyséiert, wéi sech Sport op hir mental Gesondheet auswierkt. Gewosst ass, datt mer eis besser fillen, wa mer Sport maachen: Mir si fit, ausgeglach an hunn de Kapp fräi. Wat déi mental Gesondheet ugeet, soll reegelméisseg Beweegung e grousse positiven Afloss hunn.

Wie sech jonk wëll halen, soll reegelméisseg Vëlo fueren. Schonn eng Dräivéierelsstonn pro Woch soll eis méi jonk halen, esou d'Fuerscher. Wie mat Kappwéi geplot ass, kéint beim Ausdauersport säi Gléck fannen. E Wonnermëttel géint d'Migrän ass Sport net, ma et gouf de Fuerscher no awer festgestallt, datt d'Migrän besser ze erdroe war. D'Heefegkeet an d'Intensitéit konnte mat engem 45 Minutte laangem Ausdauertraining – an dat 3 Mol d'Woch - reduzéiert ginn. De Kappwéi an d'Péng am Genéck goufe vun den Testpersounen och manner staark wouergeholl. Vum Kapp geet et erof an de Réck: Réckeproblemer duerch Péng ass belaaschtend a schränkt Betraffener enorm an.

D'Fuerscher roden hei zu Kraafttraining – d'Muskulatur stabiliséiert sech an d'Haltung gëtt verbessert. Och no engem Hireschlag soll genuch reegelméisseg Beweegung bei der Rehabilitatioun hëllefen. Fuerscher vun der Londoner School of Economics an der Harvard Medical School hunn erausfonnt, datt d'Testpersounen duerch reegelméisseg sportlech Aktivitéit sech besser erholl hunn, wéi duerch Medikamenter. Wat hei all eenzele ka mathuelen: Sport sollt jo bei jidderengem am Alldag genuch Plaz anhuelen, ma elo huet een net e Grond méi, sech genuch ze beweegen.

Lauschtert eran!