Männer oder FraenWie fiert méi aggressiv?

A bal kengem Beräich ginn et esou vill geschlechtsbezunne Viruerteeler wéi beim Fueren. Ma behuele Männer sech wierklech méi aggressiv wéi Fraen?

Leschten Update: 14.08.2019, 04:33:28

© Pexels/Eldo

Et gi jo vill Witzer iwwer Männer oder Frae wann et ëm d'Autofuere geet. Déi eng solle kollektiv net fuere kënnen, déi aner sollen sech wéi aggressiv Déieren hannert dem Steier behuelen, asw. Ma dat si wéi gesot nëmme Witzer. Ma an der Tëschenzäit huet sech och d'Wëssenschaft mat esou Behaaptungen ausernee gesat a probéiert erauszefannen, ob et Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter ginn, wann et ëm d'Fuere geet.

Aggressivitéit ass bei Männer méi staark

Et kéint een dovun ausgoen, dass Männer allgemeng méi aggressiv fueren, wann een onbedéngt wëllt eng Geschlechterdifferenz an där Hisiicht maachen. Elo hunn sech eng ganz Rëtsch Wëssenschaftler un dëser Fro versicht. A wéi ze erwaarden ass d'Resultat, dass et keen eendeitegt Resultat gëtt.

Den australeschen Assureur AAMI hat z.B. virun 10 Joer eng Etüd an Optrag ginn, déi wëllt erausfonnt hunn, dass béid Geschlechter ähnlech dacks aggressiivt Verhalen op der Strooss un den Dag leeën. Ma wou et bei Frae meeschtens beim Fluchen ophält, si Männer dëser Analys no wuel méi ufälleg dofir esou richteg auszeflippen, ze tuten, de dirängelen an aner Chaufferen a sech selwer a Gefor ze bréngen.

Alter spillt eng wichteg Roll

Aner Analyse kommen zu ähnleche Schlëss, och wa Männer do scho bei méi liichter Aggressivitéit d'Nues e bësse vir hunn, woubäi een an deem Sënn awer och muss den Ënnerscheed vum Alter maachen. Jonk Chauffere sinn deene meeschten Etüden no nämlech méi aggressiv op der Strooss ënnerwee wéi méi aler an do ass et dann och egal, ob Mann oder Fra.

Ma wat opfält, ass dass et nach ganz aner Facteure ginn, déi d'Aggressivitéit vill méi provozéiere wéi d'Geschlecht.

SUV-Chauffere sinn tendenziell méi aggressiv

Deemno tendéiere Chauffere vun SUVe wuel méi zu aggressivem Verhalen an eng relativ rezent Etüd vun 2017 an der Wiener klinische Wochenschrift weist dorop hin, dass d'Fuere mat engem SUV d'Risikoverhale vu Fraen esou ka „maskuliniséieren“, och wa bei deenen iwwer 48'000 Chaufferen, déi beobacht goufen d'Männer och an SUVe méi dacks de Code de la Route violéiert hunn.

Ganz wichteg schéngt enger anerer Etüd vun der Temple University Fox School of Business vun 2011 ze sinn, ënner wéi enge Konditiounen ee fiert. Esou wëllt dës erausfonnt hunn, dass Chaufferen, déi presséiert sinn oder am Stau stinn och däitlech méi aggressiv fueren.