Sex-RankingWann d'Musek zur Niewesaach gëtt

Op Museksfestivaller gëtt sech gär och mol bësse méi intim ameséiert. Mee wéi eng Festivaller sinn da vu Viraus dofir bekannt dass do méi leeft wéi Musek?

Leschten Update: 14.08.2019, 08:46:03

© pexels.com

An Däitschland goufen insgesamt 10.000 Leit befrot. De Leit no, schéngt de Pangea Festival bei Rostock interessant ze sinn. E Festival um Séi fir dee Reklamm gemaach gëtt, dass een déi Zäit keen Alldag, kee Stress a scho guer keng Verflichtungen hätt.

Kléngt dach attraktiv fir bësse méi Spaass, a steet domat mat Recht op der drëtter Plaz.

De weltbekannten, a gréissten däitsche Festival Rock am Ring ass mat stolze 54 Prozent op zweeter Plaz a schéngt e Paradäis ze si fir sech am Solper an an der Euphorie op nei kierperlech Kontakter anzeloossen.

Bei Bands wei Iron Maiden oder d’Toten Hosen deet sech wahrscheinlech scho während dem Concert eppes sou dass nëmmen nach e klenge Funke fir méi feelt. Op stolzer éischter Plaz, léisst sech den Hamburger Schlagermove mat 62 Prozent Spaassvigel weisen. Matt Textzeile wéi "50 Cent und du bist dabei, dann mach ich mich für dich frei" oder "Beate Granate! Einmal nur Sex mit dir…" ass et kloer, dass déi eng oder aner nom 15. Béier féx op der Toilette oder an der Niewestrooss verschwannen.

Bei den Amerikaner goufen 1.000 Leit gefrot an do sinn et mat 30 Prozent den Electric Forest a mat 27 a 25 Prozent de Bonnaroo an de Burning Man wou et niewen der Musek och anescht zu Saach geet. Bei den Däitsche sinn d’Leit nach bësse méi zeréckhalend, sou dass d'Léit sech gréisstendeels an d'Zelter, d'Toiletten oder an de Bësch verzéien. Bei den Amerikaner dogéint ginn et ab enger gewëssener Loscht guer keng Hemmunge méi, sou dass sech ganzer 15 Prozent während dem Concert an de Léit ameséieren.

Festivaller sinn also fir vill Visiteuren net nëmmen do fir sech op der Campingsplaz e puer Deeg mat de Kollegen de Batti ze stellen a Concerten ze kucken, mee och fir sech e bësse méi ze ameséieren.

Lauschtert hei de ganze Reportage